"Et ass mir am Fong relativ séier kloer ginn, datt ech den DJ-Set wëllt mat mengem Brudder maachen", esou eisen Jazz-Expert, deen d'Nolauschterer net nëmmen aus enger Rei Jazz- a Crossover-Bands kënne kennen, mee och aus eiser Emissioun "Jazzin' Around", déi hie mam Drummer Pit Dahm zesumme presentéiert.
De Brudder, Chris Belardi mam Numm, ass selwer een Urgestein aus der lokaler Zeen, wann och an enger liicht anerer musikalescher Richtung. Als Batteur bei Bands wéi Cyan Velvet, Chief Marts a Something Under My Band ass hien ee vu de Pionéier vun Neo-Psychedelic a Garage zu Lëtzebuerg.
"Als klenge Jong hunn ech d'Prouwe vu senge Bands materlieft a wollt ëmmer dozougehéieren", esou de Pol, dee sech drop freet, de Public op eng perséinlech Rees a Song-formative Museksaflëss matzehuelen.