Komponistinnen zu Lëtzebuerg "D'Helen Buchholtz ass e Virbild"

Fir d'Albena Petrovic an d'Catherine Kontz ass d'Helen Buchholtz - zesumme mat der Lou Koster - e Virbild fir Komponistinne vun haut. Mat der Helen Buchholtz an hirer Musek gouf an den 90er Joren nämlech eng historesch Perséinlechkeet entdeckt, déi virgemaach huet, wat et heescht, Komponistin zu Lëtzebuerg ze sinn.

Guy Engels

D'Catherine Kontz an d'Albena Petrovic

"Och haut si Komponistinnen nach dacks mat den übleche Klischeeë konfrontéiert", seet d'Catherine Kontz. Frae schreiwe jo sécher nëmme kleng Stécker, wier eng vun de Remarken, déi si ze héiere kritt. Generell ass et och haut nach net evident, als Komponistin ze schaffen, mengt och d'Albena Petrovic.

Dat traditionellt Rollebild geeschtert nach a ville Käpp, an als Komponistin muss ee letztendlech nach ëmmer vill Organisatiounstalent hunn, fir d'Musek an den Alldag gemeeschtert ze kréien.

Komponéieren aus Leidenschaft

D'Helen Buchholtz war duerch hiert Bestietnis an och duerch d'Bedeelegung un der Familljebrauerei finanziell ofgeséchert. Si konnt aus purer Loscht komponéieren, ouni drop ugewisen ze sinn, datt hir Musek opgeféiert gëtt, wat effektiv och gréisstendeels net geschitt ass.

"Nul n'est prophète dans son pays", seet d'Albena Petrovic. Am Ufank vum 20. Joerhonnert haten och d'Lëtzebuerger Komponisten et schwéier, Gehéier ze fannen. Lëtzebuerg war eben net Bréissel oder Paräis. Musikalesch konnt deemno näischt Bedeitendes do entstoen.

Haut ass dat anescht. Allerdéngs ka weder eng Komponistin nach e Komponist sech et leeschten, aus purer Freed mat enger neier Partitur unzefänken. D'Albena Petrovic an d'Catherine Kontz schreiwe prinzipiell nëmmen op Commande, mat der Garantie, datt mat engem neie Wierk och eppes geschitt.

"Ech hunn doudsécher vill méi Iddie vu Kompositiounen doruechter geschéckt, wéi ech um Enn Wierker geschriwwen hunn", erkläert d'Catherine Kontz. Dat géif allerdéngs net nëmme Komponistinnen esou goen, mee och hire männleche Kolleegen.

Interessente fir en neie Projet fannen, finanziell Hëllef opdreiwen, Museker engagéieren, dat kascht dacks méi Zäit, wéi d'Komponéiere selwer. An dat ass et, wat sech d'Albena Petrovic an d'Catherine Kontz virun allem wënschen: vill Zäit, fir och emol kënnen e musikalesche Gedanke richteg ze entwéckelen.

Wat fir béid Komponistinnen um Enn awer am meeschten zielt, ass d'Passioun fir d'Musek.

https://www.100komma7.lu/program/episode/248850/201904141400-201904141500

Méi zum Thema

Eng Improvisatioun mam Maurice Clement
Wäiss a Schwaarz

Fanger déi iwwer d'Taste fléien, e Piano dee wackelt an e Pianist, dee voll a sengem Element ass: De Maurice Clement improviséiert um 100,7-Piano a gëtt en déiwen Abléck a säi Fach.

Rossini-CD vun der Woch
Klassik-CD vun der Woch

Mat véier Solisten, engem Chouer an engem Organist proposéieren de Gustavo Gimeno an den OPL eng ausbalancéiert Interpretatioun vum Gioacchino Rossini senger Petite Messe Solennelle.

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen