Radioen

On air

De Moien  |  Gilles Baum

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Klarinett am 18. Joerhonnert

Klassik-CD vun der Woch

D'Klarinett am 18. Joerhonnert

De Johann Christoph Denner huet u sech d'Wäiche vum Instrument Klarinett geluecht. Eréischt am 19te Joerhonnert gouf se du mam moderne Clétage, wéi mer se haut kennen, perfektionéiert. Am 18. Joerhonnert hunn de Stamitz, Hoffmeister a Krommer déi nach "technesch-primitiv" Klarinett an de Mëttelpunkt, gesat.

auto_stories

3 min

CD: Double Clarinet Concertos - Stamitz, Hoffmeister, Krommer

Label: DUX 1303

Wierker:

  • Carl Philipp Stamitz: Concerto n.4 fir 2 Klarinetten an Orchester, en sib majeur
  • Franz Anton Hoffmeister: Concerto fir 2 Klarinetten an Sträichorchester e mib majeur
  • Franz Krommer: Concerto fir 2 Klarinetten an Orchester, en mib majeur, opus 35
Interpretatioun:
Klangqualitéit:

Interpreten:

Andrej Godek a Barbara Borowicz, Klarinett. Kalisz Philharmonic. Huberman Philharmonic Czestochowa. Dikreioun: Adam Klocek.


Vum onbekannte Status an den Orchester

Déi éischt Spuere vu Stécker fir Klarinett kommen aus dem Ufank vum 18. Joerhonnert, an deene virun allem Mannheimer Komponisten sech dem Instrument widmen: Cannabich, Toeschi oder de bekanntste Carl Philipp Stamitz. Dës Komponiste setze fir d'éischt d'Klarinett als Solist, mee och an den Orchesterstécker an. Esouguer de Mozart ass begeeschtert wéi hien dës Orchesteren entdeckt, a mengt: "Hätte mer och Klarinetten!"

An et dauert nach just e puer Joren, an d'Instrument fënnt duerch Komponiste wéi de Mozart a seng Zäitgenossen ëmmer méi de Wee op d'Bühn als Solo-Instrument, mee meeschtens awer als e weidert Holzblosinstrument am Orchester, integréiert.

Duebel Concerti zum Schluss vum 18. Joerhonnert:

De Carl Stamitz war bestëmmt dee bedeitendste Komponist aus der Mannheimer Schoul, an nieft senge villen diverse Piècen a gréisser Wierker, fanne mer zéng Concerti fir d'Klarinett. Och den Éisträicher Anton Hoffmeister hat sech um Klang vun der Klarinett verbass, a komponéiert beispillsweis een Duebelconcerto Enn des 18. Joerhonnert, dee sech mat den Eegenschaften Eleganz, Lyrik, Charme a Freed, presentéiert. E weidere populäre Komponist dee sech mat der Klarinett beschäftegt huet, war de Franz Krommer (Frantisek Kramar), dee 1785 op Wien plënnert, an hei dem Mozart eng seriö Konkurrenz war. Säi Concerto fir zwou Klarinetten an Orchester gouf 1802 publizéiert, a gëtt haut nach vun de Spezialiste vum Instrument, immens geschätzt.

Fazit

Déi zwee Klarinettisten si genee op eneen ofgestëmmt am Zesummespill, an den Nuancë wéi och an der Interpretatioun. Vu datt et sech ëm Concerti aus dem däitschsproochege Raum handelt, ass beim Klarinetteklang wuel en méi helle Klang z'erwaarden, wéi bei der franséischer Schoul. De Klarinetteklang, deen op dësem Disk ze héieren ass, bleift eng Affaire de Goût, allerdéngs ass de Spiller hiren Instrumententimber wuel hell, mee mëll, duuss wéi Schnéi, a séiss wéi Zocker. Déi zwee Orchestere loossen de Solo-Instrumenter all néideg Plaz, a setze sech just an de Virdergrond, wann si d'Wuert hunn. Bref, déi perfekt Begleeder an enger idealer Klangbalance.

Den eenzege Bemol ass den allgemenge Klang vum Disk, deen sech a verschidde Passagen immens present, scho bal iwwersteiert, unhéiert.