Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Limitatioune vum Duo duerchbriechen

Wye Oak

D'Limitatioune vum Duo duerchbriechen

Op hirem neien Album "The Louder I Call, The Faster It Runs" léisst déi amerikanesch Indie-Band Wye Oak hir ursprénglech Missioun hannert sech. Si hätten d'Méiglechkeete vum Duo all exploréiert, seet d'Sängerin Jenn Wasner am Gespréich.

auto_stories

4 min

Wann een Är Musek lauschtert, ass ee sech net ëmmer bewosst, datt Dir en Duo sidd. Grad deen neien Album ass oppulent orchestréiert. Denkt Dir beim Songwriting drun, wéi Dir d'Lidder spéider wäert interpretéieren?

Jenn Wasner: Dat war ee vun den Haaptgrënn, firwat mir en Duo waren. Mir wollten déi kreativ Limitatioune benotze fir Iddien z'entwéckelen. Heiansdo ass et méi einfach wann ee sech Grenze setzt, wéi wann ee virun enger wäisser Toile sëtzt. Mir haten eis d'Missioun ginn, fir all d'Méiglechkeete bannent deene Grenzen auszenotzen.

Mee elo, nodeems mir iwwer zéng Joer zesumme spillen, hu mir d'Gefill, datt mir alles mat där Configuratioun gemaach hunn, wat méiglech ass. Mir hu fonnt, datt et un der Zäit wier, fir z'expandéieren. Op eisem neien Album hu mir déi Limitatiounen opgehuewen. Mir wollten einfach en Album maachen, dee sou kléngt wéi mir wëllen, ouni datt mir driwwer nodenken, wéi mir et herno op der Bühn zu zwee ëmsetzen.

Mir si ganz frou mam Album, a mir hunn decidéiert, fir en zousätzleche Member an d'Live-Band ze huelen. Mir sinn en Duo am Geescht a mir sinn en Duo am Studio, mee mir sinn en Trio op der Bühn.

De Concert vu Wye Oak am Gudde Wëllen, den 22. Abrëll war ausverkaaft (Foto: Yves Stephany)

Den Album kléngt, wéi wann Dir Iech am Studio gutt ameséiert hätt. Et geschitt immens vill gläichzäiteg, an et gëtt vill Post-Produktioun un den Enregistrementer.

Den Andy an ech notzen de Studio allen zwee fir ze komponéieren. Mir kennen eis gutt aus mat Opnam- a Produktiounstechnik. Wéi mir um Album geschafft hunn, hu mir op verschiddene Plaze gewunnt, awer mir haten allebéid eise Studio doheem. Mir hunn eis fir kuerz Sessions getraff, wou mir vill Réimaterial opgeholl hunn, d'Basis fir d'Batterie, Bass a Gittar.

Déi Opnamen hu mir mat heem geholl, se zerstéckelt an domat gespillt. Mir hunn allen zwee drun editéiert a gebastelt. An dunn hu mir eis nees getraff a mir hu fir eng kuerz Zäit weider zesummen un den Opname geschafft. Dee Moment hu mir vill Gittaren, Stëmmen a Synthesizeren opgeholl, a vill Couchen iwwerteneen opgeholl.

Nodeems mir nees eng Kéier doheem dru geschafft haten, si mir bei den John Congleton gaangen. Hien ass ee vun de beschte Mëscher an den USA. Hien huet decidéiert, wéi eng Spuren an de Mix kommen, a wéi eng net.

Et ass ganz wichteg, dat drëtt Puer Oueren um Enn vum Prozess ze hunn. Du kanns ganz frou mat dengen eegenen Iddie ginn, mee si sinn net ëmmer all gutt. Net all maache si deng Musek wierklech besser. Dat ass schwéier selwer ze héieren.

Dat war en gros de Prozess. Vum Ufank vum Songwriting bis zum Mastering huet et manner wéi e Joer gedauert.

Fir d'Concerten hu Wye Oak e Bassist dobäi (Foto: Yves Stephany)

Wéi hutt Dir d'Stécker du fir d'Bühn adaptéiert?

Dat war méi schwéier. Mir hunn eis eng Regel ginn: Wann eppes vun engem Mënsch gespillt gouf, gëtt et och vun engem Mënsch op der Bühn gespillt. Wann et mat Hëllef vun engem Computer agespillt gouf, ass et och ok wann e Computer et spillt.

Mir hu wéi gesot elo en drëtte Member dobäi. De Will Hackney spillt Bass a manipuléiert eng Rëtsch elektronesch Kläng. Ech spille Gittar oder Keyboard, an den Andy Stack spillt Batterie an elektronesch Instrumenter a Synthesizer. Et wiesselt bei all Song, a mir hu vill misste prouwen (laacht). Mee et funktionéiert, an et mécht Spaass.


Lauschtert dat ganzt Gespréich mat der Jenn Wasner

Wye Oakplay_arrow