Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Museker si wansinneg frou nees dierfen ze spillen"

L'Estro Armonico

"D'Museker si wansinneg frou nees dierfen ze spillen"

E Sonndeg, den 18. Oktober spillt den Estro Armonico an der Kierch um Houwald säin éischte Concert fir d'Saison 2020/21. Dës Saison ass och fir de Kammerorchester keng üblech. Wéi huet sech den Estro Armonico un déi sanitär Kris ugepasst? Wéi gesinn déi nächst Wochen a Méint aus? De Luc Boentges huet beim Guy Goethals, engem vun de Konzertmeeschter an Directeur Artistique vum Ensembel nogefrot.

auto_stories

3 min

L'Estro Armonico (© Fernand Reisen)

Guy Goethals, deen éischte Concert vun der neier Saison steet elo um Programm, dee gläichzäiteg och deen aller éischten zanter dem Lockdown ass. Wat empfann Dir, wann Dir un dësen Optrëtt denkt? Sidd Dir frou nees spillen ze kënnen?

Jo, op alle Fall! Mir hunn elo ugefaange mat Prouwen an ech muss soen, datt dat am Fong eng ganz flott Atmosphär war. Ech schwätzen elo vum Musikaleschen natierlech. Mir prouwe mat de Masken, well mer den Ament dee Concert hei just mat de Sträicher spillen. Mee d'Museker si wansinneg frou fir erëm dierfen ze spillen a ware super preparéiert. Mir hu Masken a sinn awer och distanzéiert, an obwuel mer et da méi schwéier hu fir am Ensembel ze spillen, muss ech soen, datt ech total erstaunt war vum Resultat.

Wann Dir esou Concerte plangt, kuckt Dir dann och ob d'Säll grouss genuch sinn fir iwwerhaapt kënnen opzetrieden?

Jo, dat ass jo am Fong elo organisatoresch e ganz grousse Problem, datt ee muss e ganz grousse Proufsall hunn, net nëmmen e Concertssall. Wann een et elo vergläicht mat deem groussen Orchester, dem OPL, déi hunn natierlech ëmmer déi ganz grouss Zeen, fir kënnen ze prouwen. Mee en Orchester wéi eisen huet jo net déi Méiglechkeet ze prouwen a kann also dann och keng esou Concerte presentéieren. Och wann een deen Ament d'Zeen hätt vum Concert selwer, dann huet ee se awer nach net fir ze prouwen.

Ee vun de Volete vum Estro Armonico ass d'Begleede vu Chéier. Chouer plus Orchester bedeit, datt ee souwisou well vill Plaz brauch, ëm esou méi elo mat der Distanzreegel. Ginn et trotzdeem well Pläng fir esou e Concert dës Saison ze realiséieren?

Ech muss soen, datt den Ament alles flaachgefall ass, bis an de Januar eran. De 17. Januar sollte mer am CAPE [Centre des Arts Pluriels zu Ettelbréck] e grousse Concert mat Chouer maachen, wou mer d'Kantat "Wie der Hirsch schreit" vum Mendelssohn sollten opféieren. Mee et ass einfach net dran, well - wéi gesot - wann et nach géif op der Bün goen, da kréie mer et logistesch iwwerhaapt net hi fir ze prouwen.

Kann een trotzdeem well en Iwwerbléck iwwer déi nei Saison ginn, och wann d'Chouerconcerten ewech falen?

Jo, et ass esou, datt mir eis geduecht hunn den Orchester als musikalesch Entitéit bestoen a viruliewen ze loossen. Et ass jo och net gutt, wann ee ganz laang näischt mécht. [...]. Mir hunn eis du gesot, datt mir kleng Concerten - am Sënn vu klenge Formatiounen - preparéieren, esou gutt wéi eise Budget eis dat erlaabt. Well mir liewen am Fong jo och vun den Engagementer, déi mer ëmmer vun de Chéier kréien.

Den éischte Concert, den 18. Oktober do si mer reng Sträicher, da maache mer de 5. Dezember e Concert mat Bléiser, respektiv Bléiser mat e puer Sträicher fir en Nonett vum Spohr ze spillen, mee do hu mer zum Beispill nach net de Sall. Mir wëssen nach net, wou mir dat kënnen opféieren. Den 13. Dezember hu mer dann erëm e Sträicherconcert [...] an de 17. Januar am CAPE, wou mer net mat Choeur spille kënnen. Um Programm steet do eng Kreatioun vum Ivan Boumans fir Saxophonsquartett a Sträicher.