Radioen

On air

Notturno  |  New Order - Blue Monday (2020 Digital Master)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Neischmelz als musikalesche Melting Pot

Usina Festival

D'Neischmelz als musikalesche Melting Pot

Den Usina Festival de leschten 11. An 12. Juni war sécherlech ee vun de points forts vun der Museksprogrammatioun am Kader vun Esch 2022. Mat de Kings of Leon, de Mysterines, Caribou a villen Aneren op enger Rei vu Bünen um Site vun der Neischmelz zu Diddeleng huet de Festival d'lescht Joer 12.500 Leit ugezunn.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Schonn um Enn vun der éischter Editioun huet déi dräispëtzeg Programmatiounsekipp, aus dem John Rech vun der Gemeng Diddeleng, dem Michel Welter vum Atelier an dem Luka Heindrichs vum Gudde Wëllen, eng Weiderféierung vum Festival an Aussiicht gestallt.

Den Donneschdeg dunn hunn d'Partner déi éischt Nimm vum Line-Up an d'Konfiguratioun vum Festival dëst Joer bekannt ginn. De Site, deen deels vum Fonds du Logement soll bebaut ginn, ass net méi an deem Ëmfang disponibel wéi zejoert, mee bitt no engem Redesign genuch Plaz fir déi erwaarte Visiteure vun iwwer 6.000 Leit pro Dag. Minimal Konsequenzen also fir den Organisateur, mee keng fir de Public oder de Lineup. Méi wéi 50 Acts sollen an deenen zwee Deeg um Usina optrieden.

Headliner: Peter Fox an Interpol

Zwee Headliner an e puer aner Acts goufen awer schonns annoncéiert. Op der liicht verklengerter grousser Bün wäerte sech deemno emol scho sécher um Samschden, 3. Juni 2023 den däitsche Popmuseker Peter Fox an de Sonnden, 4. Juni d'New Yorker Post-Punk Band Interpol hiert Wiesen, an Onwiesen, dreiwen.

Fir béid Acts ass et net déi éischte Kéier, datt den Atelier si op Lëtzebuerg invitéiert. "Mir maachen och net ëmmer grouss Succèsen. Mir baue jo och Bands op op eisem Marché. Dat geléngt eis net ëmmer, mee Interpol hu mir suivéiert", esou de Michel Welter, Associé-gérant vum Atelier zum Choix vun den Tête d'affichen.

Mayberg a Lime Garden trieden och op

De Centre Culturel opderschmelz zu Diddeleng ass besonnesch frou driwwer, den däitsche Senkrechtstarter Mayberg, dee mat sengem Song iwwer Online-Dating, "Herzlich Willkommen" fir Fureur gesuergt hat u Land gezunn ze hunn.

Donieft goufe Lime Garden annoncéiert, eng Grupp aus dem englesche Brighton, déi stilistesch tëscht Punk, Disco a Surf een energiegeluedene Sound proposéiert, an d'Gretel Hänlyn vu London. Zanter eelef Joer schreift déi 20-järeg Singer Songwriterin Musek op hirer Gittar an inspiréiert sech dobäi bei hirem Idol Nick Cave mee och bei anere gotesch ugehauchte Museker. Och hei ee Choix, dee méi "up-and-coming" net kéint sinn.

Nach sinn net all d'Acts annoncéiert

Soss nach mat dobäi sinn déi däitsch Band Blond an déi Mannheimer Musikerin ListentoJules. More To Be Announced.

Vu Lëtzebuerger Bands war d'lescht Joer d'crème de la crème um Rendez-Vous. Francis of Delirium, Claire Parsons, Klein, Sheebaba, Culture The Kid, Chasey Negro, Remo Cavallini. An dat ware se nach net all. Dëst Joer si bis elo mat De Läb an Nicool zwee Hip Hop Acts verflicht. Mee dat ass net dat lescht Wuert an enger Programmatioun, déi och d'Talentfërderung an der Lëtzebuerger Zeen net wäert vernoléissegen.