Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Responsabilitéite vun de Fado-Museker

Christina Branco am Gespréich

D'Responsabilitéite vun de Fado-Museker

De Fado wuerzelt an der Traditioun. Fir d'Christina Branco heescht dat net, datt en op der Plaz trëppelt A scho guer net, datt et eppes Verstëbstes fir déi vu gëscht wier. De Fado lieft, esou hier Approche. Déi engagéiert Sängerin huet vill ze soen.

auto_stories

2 min

Christina Branco (© Vera Marmelo)

Fado wier eng pragmatesch Musek, erkläert d'Christina Branco. "Et ass Musek, déi vum portugisesche Vollék erzielt. A vu senger Entwécklung." Genee wéi d'Gesellschaft misst och de Fado sech dauernd veränneren. Et wier eng Verantwortung vun de Sänger fir de gesellschaftlechen Entwécklung Rechnung ze droen, a fir d'Wourecht ze soen.

"Et kann een net an enger hermetescher Këscht sëtzen a vun enger Traditioun schwätzen, déi et net gëtt." Et wier wichteg, aktuell ze bleiwen an och aner Museks-Stiler ze lauschteren. Dee grousse Virdeel vun der Fräiheet a vum Internet wier et, datt een iwwer alles kéint schwätzen.

Hir Aarbecht gesäit d'Christina Branco als Teamwork. Mat hir als Ausgankspunkt. Bei allen Albumen hätt si fir d'éischt Texter geschriwwen, fir hir Iddien ze kanaliséieren. Deen aktuelle Longplayer "Menino" hätt si wéilte ronderem d'Weiblechkeet konzipéieren. "Duerno hunn ech jonk portugisesch Auteuren aus dem Indie- a Rock-Beräich gefrot, fir sech mäi Repertoire aus der Vergaangenheet unzekucken, an doraus eppes Neies ze maachen."

Fir d'Christina Branco ass de Fado an d'Musek generell méi wéi just Entertainment. D'Musek hätt eng Responsabilitéit. "All Museker hu quasi eng Obligatioun. Et muss een d'Leit beweegen, awer och berouegen. Et muss een um Top vun der musikalescher, gesellschaftlecher, sozialer a politescher Well sinn."


De radio 100,7 diffuséiert ee Concert vun der grousser Fado-Sängerin, den 29. November um 20 Auer.