Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Rou selwer

Album vun der Woch

D'Rou selwer

De kanadesche Museker Doug Paisley léisst sech net gär stressen. "Say What You Like" heescht seng nei Plack a "Say What You Like About Me" séngt hien dann och an der éischter Single. Fënnef Joer huet hie sech Zäit gelooss, fir dëse fënneften Album op de Maart ze bréngen, nodeem de Virgänger "Starter Home" vum Magazin The New Yorker an d'Top Ten vun de beschte Placke vum Joer 2018 gewielt gouf.

auto_stories

2 min

Wann eng Kënschtlerin oder e Kënschtler sech esou vill Zäit léisst, da kënnt um Enn gär en Duebel-Album derbäi eraus, wéi rezent beim Unknown Mortal Orchestra, déi zoufälleg och zënter 2018 op nei Musek waarde gelooss hunn. Beim Doug Paisley ass et genee ëmgekéiert: 250 Lidder huet hie fir dës Plack geschriwwen - wat ëmgerechent fir 20 Albumen duergaange wier - um Enn huet hien der awer nëmmen eelef zeréck behalen, déi meescht dovunner sinn emol keng 3 Minutte laang.

Bleift sengem Stil trei

A genee esou spuersam wéi bei der Auswiel vu senge Lidder, ass hien dann och bei den Arrangementer. Country ass de Genre, zu deem een seng Musek ziele kann, d'Gittare sinn zum gréissten Deel akustesch, déi elektresch hunn den typeschen TwangGittaren, an ëmmer erëm héiert een och eng Lap Steel.

Zënter sengem éischten Album am Joer 2008 ass den Doug Paisley sengem Stil zum gréissten Deel trei bliwwen. Op der neier Scheif kënnt awer en neit Element derbäi an dat ass e ganz subtillen, awer effikasse Groove. Deen huet de Produzent Afie Jurvanen vun der kanadescher Band Bahamas matbruecht.

De Paisley kënnt iwweregens och aus Kanada, méi genee vun Toronto, wat villäicht seng extrem entspaant Approche erkläert, well Toronto gëllt am Allgemengen als méi relax Alternativ zu New York. Mat ville groussen Nimm aus der kanadescher Musekszeen wéi dem Leslie Feist an dem Mary Margaret O'Hara huet den Doug Paisley schonn zesummegeschafft.

Homogenen Album

Obwuel de Sound vum Album ganz homogen ass, an dem Paisley seng waarm, onopgereegte Manéier ze sangen eng Konstant bleift, sou bitt "Say What You Like" trotzdeem genuch Ofwiesslung. "Make it a Double" ass perfekten Easy Listening, "Holly Roller" ass eng emouvant Ballade vu bal aacht Minutten a "Rewrite History" begeeschtert mat schéinen zweete Stëmme vun der Felicity Williams, vun der Band Bernice.

Wann den Doug Paisley fënnef Joer gebraucht huet, fir all Toun op genee déi richteg Plaz ze réckelen, da war dat sécher gutt investéiert Zäit. Den Titel "Rewrite History" huet de Paisley iwweregens op enger Gittar geschriwwen, déi nach vill méi Joren um Bockel huet, wéi d'Lidd selwer. Ee ganzt Joerhonnert ass dat Instrument nämlech al.