CD: A Soprano's Schubertiade
Label: BIS
Interpreten: Carolyn Sampson (Sopr.), Joseph Middleton (Piano)
Wierker: Eng Zesummestellung vu Schubert-Lieder
Interpretatioun | ![]() |
Klang | ![]() |
40 Sekonne laang einfach Tounwidderhuelungen am Piano. E Passage, dee séier riskéiert langweileg ze ginn. An trotzdeem bréngen et d'Carolyn Sampson an de Pianist Joseph Middleton fäerdeg, aus dësem wéinege Material eng Atmosphär entstoen ze loossen, déi kee Wonsch opléist.
Musek vun der éischter Nout un
Den Disk ass eng Zesummestellung vu Schubert-Lieder, bei deenen et alleguerten op iergend eng Aart a Weis ëm Frae geet. Mat all Figur am Piano setzt de Schubert e Gefill a Musek ëm. An egal wéi simplistesch dës Figuren zum Deel sinn, loosse se ëmmer déi Stëmmung entstoen, déi zum Text passt. Den Joseph Middleton trëfft dës Grondstëmmung scho mat der éischter Nout vun all Lidd.
E musikalescht Bett
Domadder erschaaft hien esou ze soen e musikalescht Bett, an dat sech d'Carolyn Sampson just nach eranzeleeë brauch. Zesumme wiessele si an de Stécker tëschent deene verschiddene Gefiller, wéi Roserei, Verlangeren oder och d'Gefill vum eleng sinn hin an hier, ouni datt et plakativ gëtt. Souwuel emotional wéi och technesch léisst d'Carolyn Sampson mat hirer Stëmm den Nolauschterer an d'Gefillswelt vun de jeeweilege Protagonisten andauchen, an invitéiert esou op eng musikalesch-emotional Rees.
En authentesche Klang
All dës Feinheeten gi vum Klang ënnerstëtzt. Weder ass een ze no un de Museker drun, nach ass een ze wäit ewech. D'Raumgefill gewënnt duerch de perfekt doséierten Hall un Authentizitéit. Eng Perfekt Basis fir d'Grondatmosphär, an där d'Stëmm an de Piano duerch de Raum gedroe ginn.