Radioen

On air

Al Schanken  |  The Resentments - Nobody Gets Hurt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Sich no der Plaz an der Gesellschaft

The Wants - Container

D'Sich no der Plaz an der Gesellschaft

The Wants ass en neien Trio vu Brooklyn, dee mat senger Fusioun aus Post Punk an Detroit Techno genee den Nerv vun der Zäit trëfft. E Freideg koum hiren Debutalbum "Container" eraus. E besseren Zäitpunkt fir d'Verëffentlechung hätt et kaum kéinte ginn, fënnt den Yves Stephany, deen dës bësseg Gesellschaftskritik als Album der Woch proposéiert.

auto_stories

3 min

Um Cover vum Wants-Album si Konservebéchsen. Datt dësen dystopeschen Album op deem Dag erauskënnt, wou d'Police muss intervenéieren, well Mënschen an de Supermarchéë wéinst Konserven unenee geroden, ass eng tragesch Ironie.

D'Musek op Container ass de Soundtrack fir dës politesch, ekonomesch a gesellschaftlech verréckten Zäit, déi grad nach e bësse méi verréckt gëtt. Am Mëttelpunkt vum Madison Velding-VanDam sengen Texter steet den Individuum, an d'Sich no senger Plaz an der Gesellschaft.

D'Musek vun The Wants ass, am Géigesaz zu der Situatioun, déi vun hinne beschriwwe gëtt, alles anescht wéi chaotesch. De Kader ass eng klassesch Trio-Formatioun mat Post-Punk Instrumentéierung. D'Rhythmik vu Batterie, Bass a Gittar ass extrem prezis an eckeg. Déi maschinell an düster Grondstëmmung gëtt vun dezente Synthesizeren atmosphäresch verstäerkt.

Ee subtillen Afloss vun Detroit Techno

Den Trio gëtt den Anthony Shakir an den John Beltran als Inspiratiounsquelle fir déi elektronesch Säit vun hirer Musek un. Déi gehéieren allebéid zu der Pionéiergeneratioun vu Produzenten, déi an den 90er Jore vun Detroit aus Techno als Konschtform etabléiert hunn.

De subtillen Afloss vun Detroit Techno kënnt net just an de ganz reusséierten, instrumentalen Interluden zum Droen, mee zitt sech wéi e roude Fuedem duerch den Debut vun The Wants. Et geléngt dem Trio, fir déi zwou Welte vu Post Punk an Techno sou mateneen ze verschmëlzen, datt d'Resultat méi ass wéi d'Zomm vun den eenzelen Ingredienten. Et ass en total stëmmegt an originellt Gesamtkonschtwierk mat enger Koherenz, wéi ee se net dacks fënnt.

Et gëtt Hoffnung a Schéinheet

Fir de Kontext ass et vläicht relevant ze soen, datt de Sänger a Gittarist Madison Velding-VanDam an d'Bassistin Heather Elle och Membere vun der gefeierter New Yorker Art Rock Band Bodega sinn. The Wants verdéngen et nach méi gefeiert ze ginn.

D'Zäiten iwwer déi si sange si verréckt a schwiereg, awer si maachen et mat sou enger Eleganz a Stilsécherheet, datt een trotzdeem danzt. Trotz aller Dystopie gëtt et Schéinheet an Hoffnung - och heiranner spigelt sech den Esprit vun Detroit erëm.