Radioen

On air

Notturno  |  Here We Go Magic - How Do I Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Société nationale de musique

Komponist vum Mount

D'Société nationale de musique

1871 gouf déi franséisch "Société nationale de musique" vum César Franck matgegrënnt. Dem Komponist vum Mount. Säin däitschen Afloss op déi patriotesch geprägte Gesellschaft huet zu Streidereie gefouert.

auto_stories

6 min

De César Franck

"Ayons la volonté, l'esprit d'initiative, l'énergie. Il y a nécessité d'agir et de réagir au nom des intérêts de l'art français", schreift 1872 ee franséischen Musekskritiker. E resuméiert domadder den Zweck vun der "Société nationale de musique", déi dat Joer virdrun - och ënnert dem Impuls vum César Franck gegrënnt gi war.

De Maurice Ravel war zimlech queesch, well sengem Schüler Ralph Vaughn Williams seng Musek net fir ee Concert vun der Société nationale de musique acceptéiert gouf. Mam Resultat, datt hie sech aus der honorabeler Gesellschaft zeréckgezunn an een eegene Veräin gegrënnt huet: d’Société musicale indépendante.

De Ravel war iwwregens net deen Eenzegen, deen es genuch hat, vum Vincent d’Indy ästhetesch Viirschrëften gemaach ze kréien. De President vun der Société nationale de musique hat aus der Gesellschaft quasi een Ausleefer vu senger eegener Schola Cantorum gemaach. Professeren a Studenten vum Conservatoire de Paris goufen kaum nach considéréiert, wat och den Direkter vum Conservatoire, de Gabriel Fauré, derzou bruecht huet, d’Société nationale lénks leien ze loossen.

De Franck als Moderateur

Dem d’Indy säi Virgänger als President, de César Franck, hat et nach fäerdeg bruecht, Spannungen a Rëss auszegläichen - net nëmmen tëscht kënschtleresch opposéierte Fraktiounen, mee och wat den däitsch-franséischen Antagonismus ugeet. De Franck schéngt do - vu senger eegener musikalescher Positioun hir - dee passende Moderateur gewiescht ze sinn, mengt d’Christiane Strucken-Paland, Franck-Fuerscherin a Presidentin vun der internationaler César-Franck-Gesellschaft.

"Hie war natierlech vun där neier Klangsprooch a vun der Harmonik vum Wagner begeeschtert. Hien huet immens vill vun him iwwerholl." Säi Schüler Vincent d'Indy, deen d'Franck-Bild staark geprägt huet, wär ee begeeschterte Wagnerianer gewiescht. Dat Bild, wat vum d'Indy iwwerliwwert géif, wär mat Virsiicht ze genéiessen.

"A les gredins de Prussiens. Moi qui les aimait tant à cause de leurs vertus musicales et qui vais être forcé d’en exterminer un très grand nombre", notéiert de Komponist Ernest Reyer 1870 kuerz no der Défaite vu Sedan, den 2. September 1870. Den däitsch-franséische Krich vun 1870 war eng Humiliatioun fir d'Grande Nation an den Ustouss fir d’Grënnung vun der Société nationale de musique. Frankräich wëll sech net och nach musikalesch dominéiere loossen a sech als Land mat enger grousser Musekstraditioun affirméieren. Wagnerianer oder net Wagnerianer - dat ass déi grouss Fro a Frankräich. De César Franck passt eigentlech net esou richteg an dee Schwaarz-Wäiss-Schema - grad ewéi och den Théodore Gouvy.

D'Relatioun zum Franz Liszt

De César Franck hat eng ganz besonnesch musikalesch awer och perséinlech Relatioun zum Franz Liszt. De Wee beim Liszt säin Edem war deemno net esou wäit. De Franck wär vill vum Liszt ënnerstëtzt ginn, sou d’Musikologin a Franck-Fuerscherin Christiane Strucken-Paland. Grad an den 1840er Joeren, am Ufank vum Franck senger Carrière, hätt et eng enk Frëndschaft ginn. Virun allem seng Pianostrioen hätten dem Liszt gutt gefall. Hie wär eng Zort Ersatzpapp fir de jonke Komponist gewiescht. Säin eigentleche Papp war ganz autoritär. Och dowéinst hätt de Franck iergendwann d'Elterenhaus verlooss a seng Carrière als Pianist opginn. Dat hätt hien dem Liszt an engem ganz perséinleche Bréif matgedeelt.

Spannungen

“Ars Gallica” – dat ass de Motto, mat deem d’Société nationale de musique 1871 hir Aktivitéiten lancéiert. De Coq gallois soll den Houfert vun der franséischer Musek symboliséieren. Als President huet de Franck awer och Aflëss vun däitscher Musek an d'Société mat erabruecht. Hien huet also eng Vermëttlerroll zu der Musek vum Géigner gespillt

Déi Kompromësshaltung gefällt net jidderengem. D’Ouverture fir auslännesch - absëns däitsch Musek - provozéiert eng éischt Scissioun. De Camille Saint-Saëns, ee vun de Fondateuren an éischte President, verléisst d’Société nationale no engem Sträit mam Franck.

D’Société nationale de musique hat ëmmer vill Méi a Péng, fir sech ze organiséieren. Dat hänkt engersäits mat den internen Streidereien zesummen, anerersäits awer och mat der schlechter Publicitéit. De Veräin war quasi net bekannt - ausser am Frëndeskrees vun de Memberen. De Prinzip war, datt d’Komponisten hir Wierker engem Comité de lecture presentéieren, deen decidéiert, wat gespillt gëtt a wat net.

Den éischte Concert war de 17. November 1871 mat Wierker vum César Franck, vum Théodore Dubois, vum Alexis de Castillon, vum Jules Garcin a vum Camille Saint-Saëns.
Eng nei Generatioun vu Komponisten - Ropartz, Debussy, Ravel, Schmitt - suergt um Enn vum 19. Jorhonnert fir ee kuerzen Opschwong, deen an den ästheteschen Debatten séier verpufft. D’Société nationale erkritt sech eréischt an den 30er Joren mat Leit wéi den Olivier Messiaen an den Eugène Bozza.
Den 11. Mee 1998 - no 923 Concerten, hält d’Société nationale de musique mat hiren Aktivitéiten op.