Den Daniel Balthasar huet zanter e puer Méint a sengem Keller eng grouss Kartongskëscht stoen. Am Ufank vum Confinement huet hien d'Këscht nees eng Kéier gesinn a sech geduecht: "Dat do ass am Fong dat perfekt Sënnbild fir dat, wat mir grad maachen. Mir sëtzen all an enger Këscht, wat eist Haus ass, a mir ginn eens an där Plaz déi mir grad hunn."
Déi Iddi hätt hie wéilten op d'Spëtzt dreiwen, seet de Sänger. Hien hätt sech all Dag an d'Këscht gesat, mat Instrumenter, déi eben dra gepasst hunn, an all Dag huet hie mat deene Limitatiounen e Song opgeholl a produzéiert.
"Die Magie des Makels"
"D'Lidder hunn net onbedéngt Song-Strukturen, wéi een dat kennt." D'Texter hätt hien dacks owes am Bett scho geschriwwen, a moies wier hien an d'Këscht geklommen, nodeems hie mat de Kanner d'Zänn gewäsch hätt an d'Kaz erausgelooss hätt. All fräi Minutt hätt hien an der Këscht verbruecht, seet den Daniel Balthasar. "Et war heiansdo bëssen e Renne géint d'Zäit, mee ech wollt och näischt Perfektes."
Hien hätt keng Niewegeräischer erauseditéiert a quasi ëmmer den éischten Take benotzt. All Owend virum Schlofegoen hätt de Mix misste fäerdeg sinn.
I's A Family Affair
"Ech hu geléiert, datt een eigentlech net vill brauch fir ze léieren", seet den Daniel Balthasar. Ufanks vum Confinement hätt hien Angscht gehat, datt et mat de Liewensmëttel kéint enk ginn. Duerno hätt hie gemierkt, datt hie verschidde Saachen net misst all Dag kafen oder maachen a sech net groussaarteg misst fortbeweegen. "Wann deng Famill gesond an a Sécherheet ass, dat ass scho villes Wäert."
Seng Famill war och um Dréi vum Museksvideo zum Song "Anywhere" bedeelegt. Seng Fra, d'Véronique Kolber, huet de Video gedréint an déi 2.500 Illustratioune gezeechent, säi Fils huet d'Beliichtung gemaach, a seng Duechter huet misste poséieren.
Dat ganzt Gespréich mam Daniel Balthasar