Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Danzbare Pop-Sound, deen an d'Muerg pickt

Virginia Wing - Ecstatic Arrow

Danzbare Pop-Sound, deen an d'Muerg pickt

Vakanz heescht fir déi grouss Majoritéit en Zur-Rou-Kommen. Fir anerer ass Vakanz Synonym fir en Tapéitewiessel. E Wiessel, bei deem sech ënner Ëmstänn méi frësch a kreativ schaffe léisst. Genee dat ass der Manchester Band Virginia Wing mam Disk Ecstatic Arrow gelongen.

auto_stories

3 min

Bierger si schéin ze kucken a gläichzäiteg geféierlech. Um Bierg selwer geet et duer, datt ee Fouss dernieft gesat gëtt, an ciao. Mee Herrgott, dee Risiko ass et wäert. Dat ass an de Schwäizer Alpen net anescht. An och net um neien Album Ecstatic Arrow vun der englescher Band Virginia Wing.

Datt d'Alice Merida Richards an de Sam Pillay an d'Schwäiz an de Studio vum Misha Hering gereest sinn, ass fir si eng Selbstverständlechkeet, ass awer aus op d'mannst zwee Grënn duerchaus interessant. D'Brexitkaart ass net ze ënnerschätzen, mee dee méi perséinleche Grond ass deen nach méi interessanten. Dësen Album ass d'Resultat vun enger frustréierender Tournée mat der Leedser Band Hookworms.

Déi Tournée ass och duerch d'Rotondë gaangen. Eegenen Aussoen no war déi Tournée, op d'mannst op der britescher Insel, duerchzu mat latent misogyne Lads, déi d'Concertssäll beonrouegend gefëllt hunn. Popkultur - och dat europäescht Mekka a Form vu Groussbritannien - ass a bleift eng Spillplaz fir heteronormativ wäiss Männer. Laurie Penny Longreads zum Thema sexistesch nerd Kultur sinn an deem Kontext just ze recommandéieren.

Pink Projektioun géint Misogynie

Reaktioun Virginia Wing: virun enger pinker Projektioun mat der Ausso "end rape culturel" Concerte gespillt. Datt dee Move net zur Deseskalatioun gefouert huet, läit scho bal op der Hand. Dofir also fort an d'Bierger an déi soi-disant neutral Schwäiz fir sech do e puer Gedanken ze maachen. 40 Minutte laang Gedanken, déi et op zwou Säiten Ecstatic Arrow gepackt hunn.

D'Band gesäit sech a senger Aarbechtsmanéier an hirer Musek selwer an enger Linn mat Broadcast oder Stereolab. Repetitiv new wavy Sounds an déi äiskal Stëmm legitiméieren déi Referenzen. Musikalesch gesinn denkt d'Band awer en zudéifst englesche Sound vu virun iwwer 25 Joer nei a weider.

Ecstatic Arrow pickt an d'Muerg, währenddeem ee mat engem Been um danzen ass

Opgeluede Soundscapes mat schleefende Drummaschinnen - d'Band huet zanter dësem Disk kee Batteur, eng Revelatioun fir de Sound - dinn u Factory denken. Factory, mee mat manner Hedonismus a méi feministescher Kritik an Agenda. Hanner danzbarem Sound gi sech Froe gestallt, wéi et esouwäit konnt kommen a Saache mansplaining an der Welt, och an där vun der Musek. Op engem Albumhighlight séngt d'Richards, wéi si natierlech zu deem ginn ass, dat "follow instruction disguised as suggestion".

De Song "The Female Genius", dee just vun Typpen denominéiert gëtt. Vill Plaz fir sech hanner Happy-go-lucky-Téin, och mol oder zwee- oder dräimol, mat fantastescher Saxofon-Ënnermolung, seriö Gedanken iwwer eng feministesch Utopie ze maachen, wéi um Song "Eight Hours Don't Make a Day". Ecstatic Arrow ass op alle Fall en Album, deen an d'Muerg pickt, an dat währenddeem ee mat engem Been schonn um Danzen ass. Immens, wa Pop mat scheinbar contraire Codë funktionéiert. Vivement Virginia Wing!