Radioen

On air

Notturno  |  Mudaze - Altaelv

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dat zweet Liewe vum jiddesche Semer-Label

Jiddesch Musek

Dat zweet Liewe vum jiddesche Semer-Label

Um Album "Rescued Treasure" vum Semer Ensemble si Lidder vereent, déi d'Nationalsozialisten 1938 an der Reichskristallnacht zerstéiert hunn. Et ass en Hommage un de Semer-Label vum Hirsch Lewin.

auto_stories

4 min

De Semer Ensemble. Foto: Piranha Records

Während de Novemberpogrome vun 1938 huet den nationalsozialistesche Regime laang am viraus geplangten Iwwergrëff géint déi jiddesch Populatioun queesch uechter d'Däitscht Räich duerchgezunn. Eng 400 Leit hunn dës Gewalt mat hirem Liewe bezuelt. Jiddesch Geschäfter, Wunnengen, Kierfechter a Synagoge goufe futti gemaach. Vill vun de Kulturgidder, déi vun de Nationalsozialisten als net-aresch bezeechent goufen, goufen zerstéiert. Eng 30.000 Judde goufen am Kader vun de Pogromen a Konzentratiounslager deportéiert. Den trageschen Héichpunkt vun dësen Iwwergrëff geet als Reichskristallnacht an d’Geschichtsbicher an. Gemengt ass d'Nuecht vum 9. op den 10. November 1938.

De Buttek vum Hirsch Lewin

An dëser Nuecht goung och d’Geschäft vum Hirsch Lewin zu Berlin a Flamen op. Dem Lewin säi Lokal war zanter ufanks den 1930er Joren eng Zort Arche Noah fir jiddesch Musek. 1932, knapps ee Joer ier d’Nationalsozialisten an Däitschland offiziell un d'Muecht komm sinn, huet den Hirsch Lewin zu Berlin am Scheunenviertel de Semer-Label an d’Liewe geruff.
De Lewin hat do, an der Grenadierstrasse, 1930 e Geschäft mam Numm "Hebräische Buchhandlung" opgemaach. D’Bezeechnung verréit d’Aktivitéiten: Nieft hebräesche Bicher goufe reliéis Devotionalien aus der jiddescher Kultur a Relioun verkaf ... an 1932 ass dunn d’Musek derbäi komm.

Eng Zort Arche Noah

Och wann d’Nationalsozialisten nach net un der Muecht waren, esou waren et deemools schonns beonrouegend Zäite fir déi jiddesch Populatioun. Mam Ofstand vun haut versteet een, datt dem Hirsch Lewin säi Geschäft eng Zort Arche Noah fir jiddesch Museker sollt ginn. Hir Manuskripter, Nouten an Texter konnten si do deponéieren. Séier ass de Lewin och zur Produktioun vun de sougenannte Grammophon-Schallplacken iwwergaangen.

D'Geschäft sollt dës Zoufluchtsmissioun bis zur Reichskristallnacht erfëllen. Den 9. November 1938 hunn d’SA an de Mob de Buttek an d’Lager zerstéiert. 4.500 Shellak-Plakken si beim Brand zerstéiert ginn.
Den Hirsch Lewin gouf fir d'éischt op Sachsenhausen deportéiert. Hien huet d'Konzentratiounslager awer iwwerlieft an ass a Palestina emigréiert, wou hien 1958 gestuerwen ass.

E gebuergene Schatz

An den 1990er sollt säi Label Semer erëm operstoen. Den däitsche Musikethnolog Dr. Rainer E. Lotz huet et als seng Missioun ugesinn, fir de Semer-Katalog erëm zesummenzesichen. Et war eng Sich iwwer Joren an uechter d’ganz Welt, bei där villes erëm opgedaucht ass, wat deemools net an de Flame vernicht gouf. 2011 huet den Dr. Lotz um däitsche Label "Bear Family" eng Kollektion vun eelef CDen erausbruecht, mat 14 Stonnen historesch Opnahmen aus den 30er Joren

2012 huet de "Jüdisches Museum Berlin" dem US-amerikanesche Museker Alan Bern den Optrag ginn, fir representativ Stécker aus dem neie Semer-Katalog an zäitgenëssescher Manéier nei opzehuelen. D'Lidder sinn um Album "Rescued Treasure" publizéiert ginn. De Bern huet dofir en Ensembel op d'Been gestallt, dat sech dem Hirsch zu Éiere "Semer Ensemble" nennt. D'Formatioun huet Concerte mat Nei-Interpretatiounen am Berliner Gorki-Theater ginn - bei deenen de Public allerdéngs gesot krut, sech aus Respekt virun den zerstéierte Liewen an der verbrannter Kultur net ze manifestéieren. Esou si Live-Opnahme mat enger gespenstescher Rou entstanen. De Bern huet awer och mam Projet vum Dr. Rainer Lotz geschafft. "Ech konnt mäi Choix maachen tëscht jiddesche Lidder, Opernarien, Cabaret-Hits, osteuropäesche Volleksmelodien, liturgesche Gesäng, Chansonen a méi", esou den amerikanesche Museker.

Rescued Treasure

Zwielef Lidder sinn zréckbehale ginn. Musikalesch ass den Alan Bern fir d’Nei-Interpretatioune vum Semer-Katalog op zwou verschidde Manéiere virgaangen. Engersäits fënnt een um Album eent-zu-eent Reprise vum Original. Mol sinn d'Lidder awer och wäit ewech vum Original - mat der Begrënnung, datt een haut aner Mëttel hätt fir Trauer a Verzweifelung auszedrécken. Et dierf een dervun ausgoen, datt de Bléck vun haut op deemools zu dësem Schratt verleet huet. Musikalesch ass dat gelongen, mat Museker, déi hir Konscht beherrschen, wéi der Klezmatics-Sängerin Lorin Sklamber, den Trompettist Paul Brody oder och mat där méi jonker Generatioun vu jiddesche Museker, déi exzellent spillen a nei Akzenter aus Jazz, Klassik oder Theatermusek setzen.

Firwat bewegen een haut d’Lidder um Album därmoossen? Well een ëm d’Schicksal weess vun de Leit, déi se komponéiert oder gesongen hunn? Well ee souwuel Angscht, wéi och Hoffnung a Liewesfreed aus der Musek eraushéiert? Well et engem absurd virkënnt, datt Musek, Texter, Nouten, Kompositioune stéieren, well si net an eng Weltanschauung erapassen? Wuel gemierkt: Et si keng politesch Lidder, déi een op dësem Album héiert, keng déi opstëppele géifen ... et si Lidder, déi mat de Mënschen, déi un hinne gehaangen hunn, zerstéiert goufen, well si jiddesch waren. D'Lidder mam historesche Wëssen iwwert den Holocaust ze lauschtere léisst Beklemmung aus. Vill Texter kréien eng aner Bedeitung.