Radioen

On air

Espresso Beats  |  Quantic - Run (feat. Andreya Triana) Sofia Kourtesis Remix

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Day Breaks, en typeschen Norah Jones

Jazz

Day Breaks, en typeschen Norah Jones

"Day Breaks" heescht dee neien Album vun der US-amerikanescher Jazzsängerin Norah Jones. Vill Piano a Stëmm, mat bekannte Gäscht vun hirem Label Blue Note: De sechste Studioalbum vun der Amerikanerin ass roueg an accessibel.

auto_stories

2 min

Norah Jones. Foto: Frank Leonhardt

Ass d'Norah Jones mat hiren elo 37 Joer eng Jazz-Sängerin? Ëmmer nach eng? Oder erëm eng? "Let’s just call it music", Komm mir nennen et just Musek: Mat dëser Feststellung huet d’Interpretin an engem Interview an der amerikanescher Vogue direkt all deenen de Wand aus de Segele geholl, déi Jazz nach ëmmer mat inaccessibel gläichstellen. D’Norah Jones publizéiert um Jazzlabel Blue Note - och den neien Album "Day Breaks" ass do erauskomm.

"Day Breaks" ass e rouegen, heiansdo méi düsteren, pianogeluedenen Album. D'Sängerin gëtt begleet vun Jazzmuseker wéi dem Blue Note-Hausorganist Dr. Lonnie Smith. Begleet awer och vum Drummer Karriem Riggins, dee soss fir d’Eryka Badu trommelt oder de Kanye West co-produzéiert. En aneren Drummer ass derbäi, de Brian Blade, dee mat der Joni Mitchell schafft. Oder och mam Countrystar Steve Earl. Eraus stécht op véier Tracks iwwerdeems d’Saxophon-Legend Wayne Shorter. An och de Bassit John Patitucci ass derbäi - do si mir dann erëm voll am Jazz.

Den Album presentéiert also Téin a Läit déi vu verschiddene Borde kommen an näischt all ze enk gesinn. Schonns bal onnëtz ze betounen, datt och Soul, Blues a vill Singer / Songwriting sech um Album installéiert hunn. Nieft Eegenem covert d’Nora Jones op "Day Breaks" esouwuel den Neil Young wéi och den Horace Silver an den Duke Ellington. Si setzt hir Stëmm fir deen oder aneren Titel en Toun méi déif erof, spillt de Piano éischter filigran, gräift dezent op Bléiser, Uergel an duebele Bass zréck.

E roude Fuedem fënnt ee stilistesch net, obwuel en existéiert: En heescht ganz einfach Norah Jones, déi an hirem eegene Stil Eegen- a Friemkompositiounen esou verschafft, datt och "Day Breaks" en typesche Norah Jones-Album ass. Net hektesch, ouni op d’Charts ze luussen an ... jo, let’s just call it music.


"Day Breaks" ass eisen Album vun der Woch. Déi ganz Woch wäert et Extraiten aus dësem Album ze héiere ginn.