Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Ben Konen op Besuch zu Washington

Jazzmuseker an den USA

De Ben Konen op Besuch zu Washington

De lëtzebuerger Jazz-Museker Ben Konen lieft zu New York, an huet zu Boston um berühmte Berklee College of Music studéiert. Hie war mat sengem Vibraphon zu Washington op Besuch. Den 100,7-Korrespondent Philip Crowther huet hien an där amerikanescher Haaptstad getraff.

auto_stories

4 min

De Ben Konen mam Konnection Trio

Ee Groove, op deen all Mënsch kann danzen a wou jidderee ka matsangen, mat gläichzäiteg engem héijen Niveau un Improvisatioun. Sou bezeechent de Ben Konen seng Musek.

Zu Washington steet dee 24-järege Museker mat sengem Konnection Trio op der Bühn. Seng Band-Kollegen huet hien zu Boston um Berklee College of Music kennegeléiert: De Max Ridley um Kontrabass, den Julian Jimenez op der Gittar. An de jonke Lëtzebuerger selwer um Vibraphon.

Vun Äischen op New York

De Ben Konen wunnt am multikulturelle Quartier Queens zu New York. Eng ideal Plaz, fir eng musikalesch Carrière ze lancéieren.
Obwuel et momentan fir de Vibraphonist schwéier ass. An Amerika däerf een als Student net schaffen. “Awer ech spille méi a méi Concerten an Europa, wou ech dann eben d’Suen erakréien, fir dat hei ze finanzéieren”. De Ben reest deemno vill zwëschent den USA an Europa hin an hir. An de Vakanze kënnt hien zeréck fir Optrëtter kënnen ze maachen.

Opgewuess ass de Ben Konen zu Äischen. No enger Musek-Sektioun am Stader Kolléisch goung et op Boston, fir sech richteg serieux kënne mat der Musek ze beschäftegen.

Hien ass net deen eenzege Museker vu Lëtzebuerg deen et an den USA probéiert. Artisten, wéi de Gittarist David Laborier, de Pianist Michel Reis oder de Batteur Paul Wiltgen hunn hir musikalesch Etuden an Amerika gemaach. “Déi meescht bleiwen awer an Europa”, sou de Ben. “Zu Bréissel an Amsterdam si vill ganz gutt Museker ënnerwee.”

Seng eegen Zukunft gesäit de Ben Konen awer an Amerika. Säi Bekanntekrees vu Museker ass zu New York an zu Boston. Hei fënnt hien déi Leit, déi sech mat senger Interpretatioun vum Jazz identifizéieren. An dëser riseger Stad, wou ëmmer nei Projete méiglech sinn.

Danzmusek

“Jazz war ëmmer Danzmusek. Vun New Orleans, bis Swing... Souguer nach Beebop an de 40er Joeren”. Hautzedaags wär dat anescht, sou de Ben Konen. Den Jazz kéim ëmmer méi an d’Philhamonien, d’Leit géife sech gär sëtzen. Hien hätt awer am Léifsten, datt d’Leit nees géifen op Jazz danzen.

“Outside Looking In” ass déi éischt Single vum Disk “Cluttered Clarity”, deen Enn dës Jores erauskënnt. D’Musek gouf vum Ben Konen fir seng Band Cluttered Clarity geschriwwen an arrangéiert . Seng Ambitioun bei dësem Projet ass et, fir Improvisatioun mat Pop an elektronescher Danzmusek ze kombinéieren.

Kultur fir Diplomaten

De Ben gouf wéinst der lëtzebuerger EU-Presidence op d’europäesch Ambassade zu Washington invitéiert. Ee Lëtzebuerger sollt Musek spillen. A wa méiglech nach e bësse schwätzen, virun dësem Public vun Diplomaten a Leit, déi eppes Typesches fir Washington maachen: Den Ambassade-Circuit. Et ginn all Owend genuch kulturell Evenementer fir den Tour duerch d’Ambassaden an der amerikanescher Haaptstad ze maachen.

De Ben Konen soll hei iwwer Multikulturalismus schwätzen. D’Leit sinn erstaunt, wéi vill Auslänner zu Lëtzebuerg wunnen. Hien erzielt weider, wéi d’Musek et méiglech mécht an mateneen ze kommunizéieren, ouni datt een deem Anere seng Sprooch versteet. Mir hunn eis verstan ouni Englesch schwätzen ze kennen, seet hien hei op Englesch.

An de Multikulturalismus beschreift de Museker esou: “Wa mir an d’Epicerie ginn, musse mir Franséisch schwätzen, eis Schoul-Carrière ass Däitsch-Franséisch, ënnert eis schwätze mir Lëtzebuergesch, um Fussball schwätze mir heiansdo Portugisesch.”

Mam neien Album gëtt et dann nach méi international. Et sinn Tournéeën an Europa an an Amerika geplangt. D’Band spillt och mam Gedanken, hir Musek och mat enger Tour a China ze verbreeden.