Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Bléck aus der Fënster

SCHLOFZËMMERBLÉCK

De Bléck aus der Fënster

D'Annulatioun vun alle kulturelle Manifestatiounen huet dozou geféiert, datt vill MusekerInnen hanner zouenen Diere schaffen. De radio 100,7 huet 13 KënschtlerInnen eng Commande gi fir doheem e Lidd ze schreiwen an ze produzéieren. Déi drëtt Contributioun kënnt vun der Schrëftstellerin a Musekerin Claudine Muno.

auto_stories

3 min

Ob als Sängerin vu Monophona, vu Crinan Wood oder als Solokënschtlerin, d'Claudine Muno fleegt eng ganz perséinlech a reflektiv Touche an hirer Musek. De Stil ka Folk oder Elektro sinn, d'Wierder spillen ëmmer eng zentral Roll. De Confinement war weder als Proff, nach als Musekerin, nach als Duechter eng einfach Erfarung fir d'Songwriterin. D'Gedanken heizou kommen am Song "Pink Revolver" zum Ausdrock - net ouni eng Portioun Humor an Appreciatioun fir dat Absurd.

Just éier de Confinement deklaréiert gouf, sollt d'Musekerin mat de Schüler e Concert finaliséieren, deen no villem hin an hier dunn net konnt gemaach ginn. Kuerz virun der Generalprouf wier d'Iddi schonn entstanen. "Duerno ass natierlech alles Chaos gewiescht. A wou ech dës Commande krut, hunn ech d'Gittar erëm an d'Hand geholl a sinn do weider gefuer, wou ech opgehalen hat", sou d'Claudine Muno.

D'Lidd geet ëm d'Schütze vu vulnerabele Persounen, ëm Gefor, ëm Angscht, ëm Virstellunge vun Normalitéit a wéi fragil déi kënne sinn, wéi net ubruecht och.

"Meng Mamm war virun der Corona-Kris schlëmm krank ginn a war grad erëm doheem. Ech hat natierlech Angscht, datt ech mech schonn an der Schoul kéint ugestach hunn. D'Lidd geet dorëms, datt ech oft mat hir bei der Fënster souz, a mir hunn erausgekuckt op déi Strooss; op d'Welt dobaussen, wou mir net hunn dierften hin. Et geet drëms, wéi dat sech uspiert, wann een ee wëllt dobanne beschützen, an dobausse gesäit een d'Reaktioune vun de Leit. De Soundtrack vum Corona-Confinement war am Ufank haaptsächlech Méimaschinnen a Kärcheren, well jiddwereen den Auto an d'Terrass huet misste propper hunn. Et war ee surreaalt Bild."

Déi verschidde Reaktiounen an Aart a Weisen, mat Angscht ëmzegoen, kontrastéieren am Lidd a bréngen d'Spannung tëschent bannen a baussen och op engem mënschlechen Niveau zum Droen. De Saz "This is not a pink revolver" ass och ee Commentaire iwwer d'Onwichtegkeet vu klengen alldeegleche Suergen, wa mer vun eppes méi Groussem aus der Bunn geheit ginn.


Schlofzëmmerbléck?

D'Zil vun der Aktioun Schlofzëmmerbléck ass et fir eng Momentopnam vun der Zeen an dëser ongewéinlecher Situatioun ze maachen, an déi musikalesch Kreatioun am Beräich vun der amplifiéierter Musek ze ënnerstëtzen an ze animéieren.

D'Lidder gi vun elo un ëmmer méindes, mëttwochs a freides um radio 100,7 diffuséiert a Mëtt Juni als Compilatioun verëffentlecht.

D'Museksredaktioun vum radio 100,7 huet Musekerinnen a Museker selektionéiert, déi hirer Meenung no pertinent a relevant sinn.

D'Aktioun Schlofzëmmerbléck gëtt vun der Action Culturelle vun der Sacem ënnerstëtzt.