Komponist vum Mount De Charles Gounod, tëschent sakraler a weltlecher Musek

Dem Charles Gounod seng Oper "Faust" ass op de Spillprogrammer vun den Operenhaiser wéi der MET an aneren omnipresent. Allerdéngs ass dës Pärel vum franséische Repertoire nëmmen eent vum Gounod sengen exzellente Wierker. Nieft "Mireille" a "Romeo et Juliette" ginn et nach aner Operen, déi am Schiet vu "Faust" stinn. Mee wat gëtt et vu sakraler an instrumentaler Musek vum Gounod? Wie war de Gounod iwwerhaapt? Op all dës Froen huet de Manuel Ribeiro no Äntwerte gesicht.

Manuel Ribeiro

Charles Gounod.jpg
Charles Gounod

Am Kader vu sengem 200. Anniversaire gëtt och dem Charles Gounod seng méi onbekannte Musek op Disk oder op Concerten nees entdeckt.

"Sa musique est aussi divine que sa personne est noble et distinguée. Gounod a un avenir immense", esou d'Sängerin a Komponistin Pauline Viardot zu Gounods Zäiten.

Numm: Charles Gounod

Beruff: Komponist, Chouerdirigent

Huet gelieft: 17.6.1818-18.10.1893

Bestuet mat der: Anna Zimmerman (Duechter vum Gounod sengem Professer)

Bekanntste Wierker:

  • Opere Faust, Romeo et Juliette, Mireille
  • Ave Maria, op dem 1. Prélude vum Bach

Zitat iwwer seng Wierker:

"Dieu créa trois belles choses : la musique, les fleurs et les femmes. Ce sont elles que j'ai toujours chantées."

Charles Gounod, Mémoires d'un artiste


De Gounod an de Grand Opéra

Mir sinn Enn vun den 1820er a grouss Projete ginn am Opéra de Paris bis 1870er Jore realiséiert, mat monumentale Proportiounen, och fir d'Pracht vu Frankräich an hir Kultur no baussen ze weisen. Wien, Berlin an aner grouss Stied an Europa waren nämlech och derbäi, hir Operegattung nei ze erfannen an ze revaloriséieren, als Spigelbild vun hirem eegenen Ego.

Komponisten, Initiateure vum Grand Opéra waren ënner anerem Daniel-François Esprit-Auber, de Rossini mat "Guillame Tell" 1829.

"Faust" vum Charles Gounod, "Les Troyens" vum Hector Berlioz. Ambroise Thomas, Jules Massenet an nach vill Anerer hu sech als Operekomponisten en Numm gemaach. Dës Era vun der Grand Opéra hält u bis an d'1880 Joren.

"Faust" vum Gounod ass e richtegt Stëmmefest, mee mat engem gewëssenen Usprooch. Mat dëser Oper huet de Komponist eng perfekt Vokalmusek geschafen a setzt zugläich dem Goethe säi Wierk ganz geschéckt an Zeen.

Nieft de Pärelstécker "Mireille" an "Romeo et Juliette" huet de Gounod nach vill aner Opere komponéiert, déi haut lues a lues nees méi op d'Bühn kommen.

Fir de Gounod stoung d'Fra mat hire Leidenschaften, genee wéi spéider beim Massenet, am Mëttelpunkt vun de Bühnewierker. An och hie gouf duerch eng Partie weiblech Renconteren a senger 50 Joer laanger Carrière musikalesch beaflosst.

Et hätt net vill gefeelt, da wier de Charles Gounod an den Uerden agetrueden. De Gounod, e Mystiker?


De Charles Gounod, eise Komponist vum Mount Oktober

A fënnef Episode verzielt de Manuel Ribeiro méi iwwer de Charles Gounod als Komponist an als Mënsch:

Episode 1: 3.10.2018 De Grand Opéra - Frankräich, een Opere-Land

Episode 2: 10.10.2018 Faust - dem Gounod seng Goethe-Lecture

Episode 3: 17.10.2018 Congrès pour la restauration du plain-chant - dem Gounod seng Sakralmusek

Episode 4: 24.10.2018 Symphonien a Kammermusek

Episode 5: 31.10.2018 Referenz- a rezent Opnamen: de Charles Gounod um Disk

An der Mediathéik:

Klassik aktuell / / Manuel Ribeiro
Lauschteren

Méi zum Thema

CD vun der Woch - Gerstein
Klassik-CD vun der Woch

De Kirill Gerstein ass an der klassescher Musek doheem, huet awer och déif Wuerzelen am Jazz. Op sengem aktuellen Disk verbënnt hie béid Welten an enger Explosioun vun Nouten an Energie.

CD Woch Lewis
Klassik-CD vun der Woch

Net brav an analytesch, mee mat vill Energie an engem zum Deel knaschtege Sound interpretéiert d'Bjørg Lewis dem Johann Sebastian Bach seng Cello-Suitten. Eng modern Interpretatioun vun aler Musek.

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Noriichten

  • Den 100,7-Klassesall

  • Iwwer Mëtteg

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen