Radioen

On air

Notturno  |  Ziad Rahbani - Mays'elrim

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Fips

E Komponistenhond

De Fips

16 Hënn hat de Richard Wagner a sengem Liewen. Dorënner den Dreck, de Speck, de Leo, de Vito, d'Molli, de Putzi an de Fips. Wie war dem Wagner säi Liiblingshond? Wéi huet hie seng Déiere behandelt? Hu seng Hënn hien och musikalesch beaflosst?

auto_stories

3 min

Den 22. Juni 1861 ass de Fips gestuerwen - den Hond vum Richard Wagner. De Fips war e Bologneser, e klengen Hond mat engem wäisse struwwelege Pelz, schwaarzen Aen an enger schwaarzer Nues. Eigentlech keen Hond, dee bei dës imposant Figur aus der Museksgeschicht passt. Sechs Joer huet de Fips bei der Famill Wagner gelieft. Et war net dem Wagner säi Liiblingshond - de Komponist hat nämlech gäre riseg Hënn mat vill Energie - an trotzdeem schéngt hien en immens gär gehat ze hunn. Kuerz nodeems si op Paräis geplënnert sinn, ass de Fips gestuerwen, an huet en traurege Komponist hanner sech gelooss.

Ee vu 16

16 Hënn hat de Richard Wagner. Dorënner den Dreck, de Speck, de Leo, de Vito, d'Molli an de Putzi. Ee stécht allerdéngs ganz besonnesch aus dëser Lëscht eraus: De Ruß - mat vollem Numm: Russmuck. Et ass ee vun de véier Neufundländer, déi de Komponist hat. E risege schwaarzen Hond mat enger wäisser Broscht. De Wagner hat en esou gär, datt hien e bei sech doheem am Gaart vun der Villa Wahnfried begruewen huet. Direkt nieft deene Plazen, déi hien als Graf fir sech a seng Fra virgesinn hat. Souguer en eegent Schëld krut den Hond, wou drop steet: "Hier ruht und wacht Wagners Ruß."

E mysteriéise Krop

De Wagner huet laang zu Bayreuth gelieft. Et ass och do, wou hie säi Festspillhaus baue gelooss huet. An dorunner gëtt et e Krop, deen no uewen aus der Mauer kuckt. Laang gouf gerätselt, ob de Wagner deen extra abaue gelooss huet, fir seng Hënn mat hire Léngte kënnen dru festzestrécken. Wann ee sech allerdéngs e bësse mam Wagner a sengen Hënn beschäftegt, weess een, datt hie se ëmmer fräi ronderëm lafe gelooss huet.

Säi Liiblingshond Ruß huet bei esou enger Tour ouni Léngt eng Kéier engem Pohunn d'Schwanzfiederen ausgerappt, een anere vu sengen Hënn huet en Hong ëmbruecht an e Fësch aus engem Weier geklaut, an nach een aneren huet eng Kaz erwëscht. Et ass esou wäit gaangen, datt d'Awunner vu Bayreuth verlaangt hunn, HIe misst sengen Hënn e Maulkuerf undoen - eppes wat de Komponist natierlech net gemaach huet. De Krop an der Mauer vum Festspillhaus muss also eng aner Funktioun gehat hunn.

Eng musikalesch Inspiratioun

An hirem Buch "Richard Wagner - mit den Augen seiner Hunde betrachtet" beschreift d'Kerstin Decker, wéi de Wagner mam Robber, engem vu sengen Neufundländer op der Rees ass. Deen ass awer esou grouss, datt en net an dem Wagner seng Kutsch passt. Dowéinst muss e selwer lafen. A wou de Wagner gesäit, wéi sech den Hond an der praller Sonn quäält, wiesselt hien op d'Schëff. Do erlieft de Komponist esou e schlëmme Stuerm, datt et him dout iwwel gëtt. Dës Erfarung verschafft hie spéider a senger Oper: "Der fliegende Holländer".