Radioen

On air

Notturno  |  James Holden & The Spirit Animals - Pass Through The Fire

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Gewënner steet fest

Finall vum internationale Concours Michel Becquet

De Gewënner steet fest

126 Trombonistinnen an Trombonisten hu sech beim Internationalen Michel Becquet Concours am Kader vum Klenge Maarnicher Festival ugemellt. No enger Precelectioun sinn 45 Musekerinnen a Museker géinteneen ugetrueden. Dräi dovunner hunn et an d'Finall gepackt, déi de 16. Abrëll um dräi Auer zu Maarnech am Cube521 war.

auto_stories

1 min

Roberto De La Guía Martínez

Den Roberto De La Guía Martínez huet d'Finale vum Internationale Michel Becquet Concours gewonnen. Den Trombonist huet domat de mat 8.000€ dotéierten éischte Präis gewonnen. Den zweete Präis (4.000€) geet un den Tim Ouwejan an déi drëtt Plaz (2.000€) geet un den Víctor Álvarez Alegría. Niewent dem Präis, den Tim Ouwejan vum Jury kritt huet, huet hien och de mat mat 1.000€ dotéierte Publikumspräis gewonnen.

D'Finall vun dësem Concours am Kader vum Klenge Maarnicher Festival war de 16. Abrëll 2023 zu Maarnech am Cube52. De radio 100,7 an den opus 100,7 hunn dësen Event live iwwerdroen. Moderéiert gouf d'Finall vum Marie Schockmel.

Um Programm stoungen zwee Stécker, déi all Kandidat huet misse spillen. Begleet vun der Militärmusek ënner der Leedung vum Lieutenant Colonel Jean-Claude Braun hu si dem Ferdinand David säi Concertino Opus 4 interpretéiert a Fragments, dat neit Wierk vum Lëtzebuergesche Komponist a Saxophonist Georges Sadeler.