Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Elora - Embers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Jérôme Wigny ass neie President

Solistes Européens, Luxembourg

De Jérôme Wigny ass neie President

D'Solistes Européens, Luxembourg gi mat engem neie President an déi nei Saison: de Jérôme Wigny iwwerhëlt dës Charge vum Eugène Prim, deen zanter der Grënnung 1989 un der Spëtzt vum Orchester stoung.

auto_stories

1 min

"Mir wëllen d’Zukunft verbreeden", seet den Eugène Prim. De Matgrënner vun de Solistes Européens, Luxembourg zitt sech net aus dem Orchester zeréck. Hie bleift als Directeur général, wou hie weider verantwortlech ass fir Dagesgeschäft.

Aus Altersgrënn wollt den Eugène Prim selwer de Wiessel aleeden. De Verwaltungsrot vun de Solistes Européens, Luxembourg huet sech dowéinst fir eng Restrukturatioun decidéiert - mam Jérôme Wigny als neiem President an enger Direction générale, déi aus dräi Leit besteet: den Eugène Prim, de Chefdrigent Christophe König an Directrice administrative Anne Pierron.

Dës Ëmstrukturéierung ass an Ofsprooch mam Chefdirigent Christoph König geschitt, deen an Aussiicht gestalt huet, säin aktuelle Kontrakt iwwer 2019 eraus ze verlängeren.

Mam Jérôme Wigny, vu Beruff Spezialist vun Investmentfongen, iwwerhëlt een erfuerene Mann d'Presidence vun de Solistes Européens. Deen neie President ass scho laang Member vum Verwaltungsrot. Hie war virdrun Vizepresident an ass och Vizepresident vun den Amis de l'Opéra.