Radioen

On air

Kultur um 5  |  Wild Nothing - Suburban Solutions

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Mann aus dem Norden

Komponist vum Mount

De Mann aus dem Norden

Et verwonnert schonn, datt d'Perceptioun vum Komponist Edvard Grieg an eise Géigende ganz anescht ass, wéi a senger norwegescher Heemecht. Fir eis ass de Grieg nach ëmmer Synonym vum populäre Pianosconcerto, an Norwegen spillt dëst Wierk eng vill manner wichteg Roll.

auto_stories

4 min

Dem Grieg säin Interessi fir déi eenheemesch Volleksmusek ass natierlech net stënterlech komm, an déi historesch Situatioun vum Land huet hir Deel duerzou bäigedroen. Bis 1814 stoung Norwegen ënner dänescher Dominanz. Duerno huet d'Land a Personalunioun mat Schweden gelieft, déi nach 91 Joer sollt daueren. D'Trennung vu Schweden an d'Inthronisatioun vum éischten norwegesche Kinnek Hakoon VII. huet den Edvard Grieg nach materlieft.

Dem Grieg seng ganz Biographie spillt sech also tëscht dëse béiden historesche Polen of. Fir d'Norweger war d'Volleksmusek ee wesentlecht Element vu kënschtlereschem Selbstverständnes a vu kultureller Identitéit. Op dës Identitéit hu vill Komponiste grouss Stecker gehalen, Komponisten, déi haut net méi esou bekannt sinn, déi awer wichteg am Grieg sengem Liewe waren.

Bull an Nordraak

Den Ole Bull (1810-1880) war ee vun deenen éischten, déi dem Grieg säi musikalescht Talent erkannt haten an d'Elteren och encouragéiert hunn, hire Fils op Leipzig ze schécken. "Du musst nach Leipzig gehen und ein Musiker werden", soll den Ole Bull gesot hunn, wéi en de Grieg héieren hat, Piano spillen.

Dësen Ole Bull ass ee ganz spezielle Personnage, deen an Norwegen Starkultus hat. Schonn als Bouf huet hie sech als Geiist ervirgedoen, an et gouf der net wéineg, déi hie spéider an eng Rei mat Leit wéi Paganini an de Sarasate gestallt hunn.

Nieft sengem musikaleschen Talent hat den Ole Bull awer och eng staark politesch Oder. Hie war een iwwerzeegten Demokrat an ee grousse Frënd vun de Vereenegte Staaten. 1852 huet en am Pennsylvania Land kaf, op deem Emigranten aus senger Heemecht eng Siidlung mam Numm New Norway sollte grënnen. Dësen Engagement huet dee politeschen Aventurier a Romantiker Ole Bull een Heedegeld kascht an hätt en op een Hoer ruinéiert.

Den Ole Bull. Bild: Elisabeth Jerichau-Baumann.

De Mark Twain huet Folgendes iwwer den Ole Bull geschriwwen: "Wier den Ole Bull ouni Äerm op d'Welt komm, dann hätt en eng eminent Plaz ënner de Riedner krut - well dat stécht einfach an him, a wann en et net iwwer seng Gei formuléiere kéint, da géing en et iwwer d'Sprooch maachen."

De Rikaard Nordraak gouf ee Joer virum Grieg zu Christiana - haut Oslo - gebuer. Den Nordraak war ee ferventen Nationalist, ee leidenschaftleche Kämpfer fir déi norwegesch Musek, eng Passioun, déi hien och op säi Frënd Edvard Grieg iwwerdroen huet: De Rikaard Nordraak ass bis haut ee Begrëff an Norwegen als Komponist vun der Nationalhymn.

Den Nordraak an de Bull waren déi zwee Museker, déi de Grieg also am stäerksten op sengem Wee bei déi norwegesch Musek beaflosst hunn. Ënnerschloen dierfe mir allerdéngs och net Dramatiker Henrik Ibsen a Björnsterne Björnson, déi him déi literaresch Virlage fir seng Bühnemuseke geliwwert hunn an och zum Krees vun de kulturpoliteschen Aktiviste gezielt hunn.

Spillleit an Hardingfele

Den Edvard Grieg war een äifrege Sammler vu Volleksmusek. Hien huet sech opgemaach an déi entleeë Wénkele vum Land an ass Melodien a Rhythme sammele gaangen. Eng wichteg Hëllef waren ëm d'Spillleit, déi uechter d'Land gezu sinn. Dat waren zu där Zäit professionell Museker, déi héich ugesi waren a fir all méiglech Fester engagéiert goufen. Meeschtens hunn dës Leit op deem typesch norwegeschen Instrument, der Hardingfele gespillt - eng Zort Gei, déi nieft den übleche véier Säiten nach emol véier oder fënnef Resonanzsäiten hat.

Mir wëssen aus dem Grieg sengen Notizbicher, wéi akribesch hie sech mat de Vollekslidder an -dänz - de Slätter - beschäftegt huet. Den Edvard Grieg war gutt mat enger ganzer Partie vun dëse Musekernomaden, déi sech regelméisseg a Concourse gemooss hunn. Bei dëse Concourse war de Komponist selwer direkt oder indirekt bedeelegt: als Organisateur oder Jurysmember grad wéi hien och Matinitiator vun enger nationaler Museksakademie war.

All dat schléit sech a senge Lidderzyklen, Danz- a Volleksweisen a Bühnemuseken néier - alles Wierker, déi nom Opus 16, dem Pianosconcerto, entstane sinn.