Jazz De "Marly Marques Quintet"

De Marly Marques Quintet huet en neien Album fäerdeg: Den Nolauschterer erwaart liichten Jazz mat eegene Kompositiounen. Mee wie stécht eigentlech hannert dëser jonker Jazz-Formatioun?

Manuel Ribeiro / cwi

Marly Marques Quintet
(v.r.n.l.) Laurent Peckels, Jitz Jeitz, Marly Marques a Paul Fox vum Marly Marques Quintet.

Marly Marques, Paul Fox, Jitz Jeitz, Laurent Peckels a Claude Schaus – dat ass d’Besetzung vum "Marly Marques Quintet". Eng Band, déi et u sech nach guer net esou laang gëtt. Véier Museker, déi am Lëtzebuergeschen Jazz zu de bekannte Gesiichter gehéieren, hu sech ronderëm eng museksbegeeschtert an talentéiert Sängerin gesammelt an hir proposéiert, e liichten Jazz mat eege Kompositiounen a Standarden opzehuelen.

D’Sängerin Marly Marques huet portugisesch Originnen, mee si ass zu Lëtzebuerg gebuer an huet hir Leidenschaft fir d’Musek fréi entdeckt. Eigentlech ass d’Marly haaptberufflech Léierin. Mee duerch Zoufall ass si 2012 ob déi véier confirméiert Jazzmuseker getraff. D’Symbiose war perfekt, esou d'Museker.

National an international ënnerwee

Zënterhier leeft et fir de Marly Marques Quintet gutt: D'Formatioun huet national, mee och international Engagementer. Hiren éischten Album "só ar ser" gouf an Däitschland opgeholl a koum am Mee 2014 eraus. Mat dësem Repertoire ass d’Band huet d'Band um Kriol Jazz Festival um Cap Vert gespillt; an der prestigiéiser Casa da Música zu Porto, mee och an der Philharmonie um Kierchbierg. D’Kréinung koum am August 2014, wéi de Marly Marques Quintet um Crest Jazz Vocal Festival a Frankräich mam "Prix du Jury" ausgezeechent gouf.

Zum Repertoire vun der Jazz-Formatioun gehéieren Arrangementer vun Jazzstandarden a Pop, mee och eege Kompositiounen – virun allem op Englesch, mee och op Portugisesch a Spuenesch.

"Encounter"

Viru kuerzem huet d'Band hiren zweeten Album fäerdeg gestallt. Déi nei CD vum "Marly Marques Quintet" heescht "Encounter" a presentéiert virun allem Lidder am liichten Jazzstil. D'Kompositioune kommen aus der Fieder vum Batteur Paul Fox a senger Schwëster Katy Fox.


D’CD Release vun "Encounter" ass den 2. Dezember um 8 Auer am Kulturhaus Nidderaanwen.

An der Mediathéik:

Blue Note / / Manuel Ribeiro
Lauschteren

Méi zum Thema

Musikbühne Live
Concert

Zesumme mam SR3 presentéiert de radio 100,7 de 27. November um 19:00 d'Musikbühne Saar live am Trifolion. Mee wat ass d'Iddi hannert der Musikbühne a wéi ass d'Saarland musikalesch opgestallt?

Norah Jones
Jazz

"Day Breaks" heescht dee neien Album vun der Jazzsängerin Norah Jones. Vill Piano a Stëmm, vill bekannte Gäscht: De sechste Studioalbum vun der Amerikanerin ass roueg an accessibel.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen