Radioen

On air

Notturno  |  Richard Dawson - Two Halves

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Poet am Tounstudio

Leonard Cohen – Songs From A Room

De Poet am Tounstudio

Schonn 1956, am Alter vu knapps 22 Joer, kënnt dem Kanadier Leonard Cohen säin éischte Gedichtband eraus, "Let Us Compare Mythologies". Et sollt awer nach e puer Joer daueren, éier hien an en Tounstudio geet: mam éischten Album "Songs Of Leonard Cohen" (1967) mécht sech de Cohen och an der Singer/Songwriter-Zeen en exzellente Numm. Säin zweet Wierk, "Songs From A Room", dat de 7. Abrëll 1969 erauskënnt, knäppt un de Succès vum Debut un.

auto_stories

5 min

Ass de Leonard Cohen an éischter Linn Sänger oder dach vläicht éischter Poet? Eenege mir eis vläicht op déi zwee kombinéiert, besonnesch um Ufank vu senger Carrière ass et op jiddwer Fall den typesche Singer/Songwriter, deen net allze vill op opulent Begleedung a sophistiquéiert Arrangementer steet - an dat ass och op sengen zweeten Album "Songs From A Room" de Fall.

Et héiert een, datt de Kanadier schonn eng etlech Joren, éier hie mat 33 fir d'éischt a e Plackestudio gaangen ass, scho vill Poesie a Geschichten zu Pabeier bruecht: de Cohen ass e Geschichtenerzieler, een deen iwwer d'Welt, d'Léift an d'Relioun nodenkt, deen douce a melancholesch eriwwerkënnt, dee mat Fieder an einfacher Gittar auskënnt.

Eng Dylanesque Produktioun

Esou wonnert et net, datt no de "Songs of Leonard Cohen", sengem Debut aus dem Dezember 1967, dësen Album nach eng Grëtz méi ofgespeckt, pur a musikalesch einfach gehale kléngt. D'Stëmm wuel limitéiert an den Noutenhéichten an Déiften - de Cohen ass alles anescht wéi e Stëmmwonner - mee e faszinéiert trotz enger evidenter stëmmlecher Monotonie mat senge Gedanken, déi ganz dezent vun him selwer oder enger 4-Mann-Band begleet ginn, mat ënner anerem dem US-Countrymuseker Charly Daniels.

Fir säin zweeten Album hëlt de Leonard Cohen als Produzent de Bob Johnston mat u Bord - deen ass bei Columbia de Mann, deen ënner anerem dem Bob Dylan zur Säit steet an dem Kanadier dat selwecht réit, wat hien och dem Dylan suggeréiert huet: d'Groussstad ze verloossen a fir e méi rouegen, einfachen an dach einprägsame Sound op d'Land ze zéien. A béid Museker hirem Fall huet dat geheescht New York opzeginn - de Cohen huet am kultesche Künstlertreff, dem Chelsea-Hotel gewunnt - an dofir an der Provënz, am Tennessee, ze produzéieren.

De Leonard Cohen am Joer 1972. Foto: picture-alliance / Sven Simon

A wat beim Dylan sengem "Blonde On Blonde" fonctionnéiert, deet et och fir dem Cohen seng "Songs From A Room": keen Instrument ze vill, en Hauch vu Country, schliisslech ass Nashville nobäi, éischter manner wéi méi. De Leonard Cohen, de Purist a Poet, ass begeeschtert vu sengem Produzent, deen de relativ onerfuerene Museker bei der Hand hëlt a féiert. De Bob Johnston bezeechent den Album spéiderhin als eng Kollektioun vu gemoolte Biller, wou seng Roll gewiescht wier, dem Museker als Bodyguard alles vum Läif ze halen, wat hien a senger Inspiratioun hätt kënne stéieren.

Dem Leonard seng Musen

De Leonard Cohen, dat ass och "Cherchez la femme", dëst seng ganz Carrière iwwer, vun Ufank bis zum Enn am November 2016. Den Titel "Seems So Long Ago Nancy" dediéiert hien op dësem Album enger Ex zu Montreal, mee et ass d'Marianne, dat him am nooste steet, dat Léift an Inspiratioun zugläich gëtt a bedeit.

Schonn um Debut mam Erfolleg "So Long Marianne" kënnt d'Marianne Ihlen zu musikaleschen Éieren, si ass och d'Fra, déi de Cohen op "Songs From A Room" op der Récksäit vum Albumcover weist, a virun allem ass si seng deemoleg Liewensgefährtin, mat där hien op der griichescher Insel Hydra lieft, wou si hien zum "Bird On A Wire" inspiréiert.

Et wier en einfache Countrysong, mengt de Cohen, wou hien am Text schwiert, datt hien alles géif probéiere fir éierlech an der Relatioun ze bleiwen, kengem wéi ze doen, ze änneren, wat falsch gaange wier. Deen een oder aneren Echec an dësem Exercice erkläert de Museker um Schluss vum Lidd: "i have tried in my way to be free ..."

D'Relioun faszinéiert

"Songs From A Room" ass schonn a fréie Cohen-Musekerdeeg en Album, op deem de Kanadier sech mat der Relioun ausenanersetzt. Jiddesch erzu wäert de Cohen sech reegelméisseg op senge Wierker mat deem do uewen hunn, sech seng Gedanken iwwer de Glawe maachen a mat deem, wat mir hei ënnen draus maachen.

De Leonard Cohen am Joer 1988. Foto: picture-alliance / KPA Copyright

Op "Songs From A Room" kuckt hien ënner anerem an d'Bibel, dëst um Titel "Story Of Isaac", méi wéi einfach eng Geschicht iwwer eng antik reliéis Figur. De Leonard Cohen bezeechent dës dräi an eng hallef Minutten als Anti-Krich-Reflexioun an erkläert sech esou: Mir hätten als Mënschen ëmmer den Drang eis ze affere fir en aneren - esou wéi dat an der Geschicht ëm den Abraham a säi Jong, den Isaak an der Bibel och erzielt gëtt.

Vum Prinzip hier wier dat jo eng vertrietbar Saach - just datt d'Mënsche meeschtens op de Krich als Mëttel géifen zeréckgräife fir dëst ënner Beweis ze stellen - dat wier absurd, esou de Museker, do géif et aner Weeër ginn.

Eng Erkenntnis vun 1969, déi leider och 50 Joer nom Album-Release wuel nach net jiddweree bekäppt huet.

Vill Eegenes, kaum Cover

Um zweeten Album vum Kanadier gëtt et nieft néng Lidder aus eegener Fieder just ee Cover - dee fält allerdéngs op, de Partisane-Song gëtt op Englesch an am Chouer op Franséisch gesongen. Fir déi sougenannt Backing vocals flitt de Museker mat sengem Produzent Bob Johnston extra op Paräis, wou opgeholl gëtt, wéinst der Authentizitéit. "The Partisan" staamt aus dem Krichsjoer 1943, d'Musek schreift d'Anna Marly, den Originaltext - "La complainte du partisan" - kënnt vum franséische Resistenzler Emmanuel d'Astier, eréischt Jore méi spéit iwwersetzt den Hy Zaret op Englesch. Dësen Titel existéiert a ville Versiounen an a ville Sproochen - mee et ass ebe kee Cohen-Song, och wa seng Interpretatioun déi bekanntsten ass.

Mat sengem zweeten Album "Songs From A Room" ass dem Leonard Cohen seng Carrière als Poet a Songwriter definitiv lancéiert. A si dauert bis zu sengem Doud am November 2016.