Radioen

On air

Resonanzen  |  Robert Fuchs - Serenade Nr. 5 a Ré Majeur, Op. 53, III. Allegro amabile - Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, Alun Francis (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Rapper Maz invitéiert an d'"Emo-Season"

Eurosonic Noorderslag Festival 2023

De Rapper Maz invitéiert an d'"Emo-Season"

De Maz vertrëtt Lëtzebuerg um Eurosonic-Festival. Experimentatioune mat verschiddene Museksstiler änneren näischt drun, datt de Maz ee jonke Museker ass, deen eppes ze soen huet. Hie war Invité bei eis am Studio.

auto_stories

1 min

Zu Theeme wéi mental Gesondheet, Gender- oder Gesellschaftserwaardungen dréngen dem Rapper seng Texter duerch a sinn an intensiv Musek gepaakt.

Nominatioun fir den Eurosonic-Festival

Dëst ass nëmmen eng vun e puer Ursaachen, firwat den 100,7 de Maz ausgewielt huet, fir de Lëtzebuerger Musekernowuess um Eurosonic Noorderslag Festival ze representéieren, deen tëscht dem 18. an dem 21. Januar zu Groningen an Holland organiséiert gëtt.

"Op der Bün, där Plaz, wou ech mech am liewegsten an am beschte spieren, well ech all déi Emotiounen duergoen - well ech do och am éierlechste mat mir selwer sinn."

Mat engem Drummer-Kolleeg Ricardo Thomasini gëtt et op der Bün eng besonnesch Symbios, well de Beat vu béide Museker gläichzäiteg geduecht gëtt a sech mam Flow vereent.

International Kontakter

D'Eurosonic-Nominatioun wäert dem Maz hëllefen, Kontakter am Ausland ze knäppen a seng Musek iwwer d'Grenzen eraus bekannt ze maachen.

An dëse Saachen ass hie scho keen Noviz méi, an een Optrëtt leschten August um Sziget Festival an Ungarn huet hien à l'appui.

Am Studio huet de Maz live säin Titel "Eyeliner" gerappt, eng Hymn un de Selbstausdrock entgéint dem Diktat vu Geschlechterrollen.