Radioen

On air

Trendscheif  |  Kara Jackson - Right, Wrong or Ready

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Raum erfaassen

Musek zu Lëtzebuerg

De Raum erfaassen

Als Sängerin ass d'Claire Parsons eng Stëmm mat ville Facetten, déi a ville Projeten zum droe kommen. D'Schreiwe vun hirem eegene Solo-Material war fir déi brittesch-lëtzebuergesch Musekerin eng nei Erfarung, déi si siichtbar begeeschtert huet.

auto_stories

2 min

D'Claire Parsons. Foto: Archiv

Lauschtert de ganzen Album mat der Claire Parsonsplay_arrow


"Wann ech elo mat anere Leit zesummeschaffen, dann ass et vill méi einfach fir si ee Gefill dofir ze kréien, wien ech musikalesch sinn", beschreift d'Claire d'fanne vun enger Stëmm fir eng Kollektioun Songs.

Ee räichen Album

Den Debutalbum "In Geomortry" versteet sech als Visittekaart, als glécklech Effusioun, an organiséiert d'Songmaterial ënner zesummenhänkenden Titelen. D'Geometrie an den Espace sinn d'Haaptmetapheren, mee den Album ass ze räich fir sech als Konzeptalbum offäerdegen ze loossen.

"Ech hunn a leschter Zäit entdeckt, datt et Manéiere ginn, d'Musek geometresch duerzestellen. Ech hunn dat faszinant fonnt, an et ass an d'Plack mat agefloss, an deem Sënn, datt vill musikalesch Figuren d'Beweegunge vu Punkten, Linnen a Kurven nomaachen."

Der Claire Parsons hiren Jazz-Hannergrond verschmëlzt op "In Geometry" mat de Jugendhelde Radiohead hire melancholesche Pop- a Rock-Strukturen.

Bekannte Gesiichter

"Ouni de Charel Stolz, deen d'Visioun vun dëser Plack verstanen a se dunn am Sound ëmgesat huet, wier dës Plack net, wat se ass", esou d'Claire. An och vun der Band, déi dës d'Songs mat hir opgeholl huet, koum vill gefillsvollen Input.

Op der Gittar spillt den Eran Har Even eng wichteg Roll, hien huet sech zu Amsterdam via Israel etabléiert. Op den Drums fanne mer den Niels Engel an op ville weideren Instrumenter e puer vun hinnen elektronesch, déi villsäiteg a verspillte Pol Belardi a Jerome Klein.