Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Stee rullt!

De Gléckleche Sisyphus

De Stee rullt!

D'Uropféierung vun der Kompositioun "Sisyphus' Sohn" de 14. November ass den Ofschloss an Héichpunkt vun engem Projet, deen am Fréijoer 2021 mat enger Ausschreiwung fir eng musikalesch Kompositioun zum Theema "Gléckleche Sisyphus" vum radio 100,7 zesumme mam KUK lancéiert gouf. Am Viraus vun der Uropféierung live am Radio an iwwer d'Plattform vum KUK huet de Komponist Pierre Weber eng vun de Prouwe vum Vokalensembel The Duke's Singers suivéiert.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Den 13. September war de Pierre Weber bei enger Prouf vum Ensembel The Duke's Singers dobäi an huet seng Kompositioun déi éischte Kéier héieren. Net all Member vum Chouer war do, nach net all Nout souz, an awer war hie well zefridden:

"Et ass immens schéin, fir dat kënnen ze héieren, well et e Stéck ass, dat och vu mengem Papp handelt, well dee jo gestuerwen ass. An ech hat wierklech Amenter, wou ech Tréinen an den Aen hat."

D'Wierk mam Titel "Sisyphus's Sohn" ass an enger Zesummenaarbecht mam Auteur Raoul Biltgen entstanen. Och deem säi Papp ass an de Méint virun der Ausschreiwung vum Projet gestuerwen.

Méi, wéi just Téin

Am Wierk geet et ëm Virwërf, ëm e Steen als Symbol fir d'Famill, awer och ëm de Versteesdemech tëschent engem Papp a sengem Jong. Et ass eng emotional geluede Kompositioun. Et sinn Emotiounen a Form vun Text an Nouten, déi de Chouer an d'Musek iwwersetzt.

"Do waren zwielef Iwwersetzer, déi dann och hir Emotiounen, hiert Liewen [...] an d'Musek era gesat hunn. Et waren also méi wéi just Téin."

Wärend der Prouf ass et net just drëms gaangen, d'Wierkung vum Stéck ze erliewen, mee och ganz konkret iwwer d'Nouten an hir Ëmsetzung ze schwätzen. Zesumme mam Claude Kraus vun den Duke's Singers ass de Pierre Weber d'Partitur duerchgaangen, an huet iwwer méiglech Léisungen fir méi schwiereg Passage geschwat.

"Ech sangen och am Chouer, mee ech si keen ausgebilte Sänger. Et ginn heiansdo Saachen, déi ech schreiwen, well ech Pianist sinn, a wou ech mer denken, dat do ka jo jidderee sangen, an dann ass dat ganz schwéier."

Uropféierung live am Radio an um KuK

Nom Feedback vun de SängerInne kéint d'Stéck esou adaptéiert ginn, datt et fir si méi einfach oder méi komfortabel ze sangen ass, an den Toun esou u Qualitéit gewënnt.

De groussen Ofschloss vum Projet ass d'Uropféierung vun der Kompositioun "Sisyphus' Sohn" de 14. November um 14 Auer live am radio 100,7 an iwwer d'Plattform vum KUK. Ënnerstëtzt gëtt dëse Projet vun der Fédération Luxembourgeoise des Auteurs et Compositeurs (FLAC) an der SACEM.