Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Michael Kiwanuka - Cold Little Heart

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De würdegen Ofschloss vun enger Intégrale

Klassik-CD vun der Woch

De würdegen Ofschloss vun enger Intégrale

De Marcus Bosch an d'Staatsphilharmonie Nürnberg schléissen hir Dvořák-Intégrale mat der zweeter Sinfonie vum tschechesche Komponist of. Eng Opnam, déi an allen Aspekter iwwerzeegt.

auto_stories

3 min

CD: Antonín Dvořák - Sinfonie Nr. 2

Label: Coviello Classics

Wierker:

  • Sinfonie Nr. 2 a Si bémol Majeur, op. 4
  • Das Goldene Spinnrad, op. 109
Interpretatioun:
Klangqualitéit:

Interpreten: Staatsphilharmonie Nürnberg - Direktioun: Marcus Bosch


Et ass e bëssen ongewéinlech eng Intégrale mat engem manner bekannte Wierk opzehalen. Wie géing zum Beispill eng Beethoven-Intégrale net mat der 9. Sinfonie als Ofschloss kréinen? Genee esou passend wier et gewiescht, wann de Marcus Bosch säin Dvořák-Zyklus mat deem senger 9. op en Enn bruecht hätt. Amplaz huet hie sech déi 2. entscheet.

E Jugendwierk

De Johannes Brahms huet seng éischt Sinfonie mat iwwer 40 Joer geschriwwen. Ze grouss war virdrunner d'Angscht an der Kinneksdisziplin vun all Komponist ze versoen. Beim Antonín Dvořák war dëst anescht. Am Alter vu 24 Joer schreift hien direkt zwou Sinfonien, eng Zäit, an där de jonke Komponist nach op der Sich no enger eegener Tounsprooch war. Vläicht läit et dorunner, datt seng éischt Sinfonien am Verglach zu senge méi spéide Wierker haut éischter onbekannt sinn a vun den Orchesteren dacks ignoréiert ginn.

Ëmsou méi erfreelech ass et ze gesinn, wéi eng Bedeitung de Marcus Bosch der 2. Sinfonie gëtt, andeems hie se un de Schluss vu senger Intégrale setzt. Reng musikalesch gesinn ass dëst Wierk zwar nach net esou opulent, wéi méi spéit Kompositiounen, dofir schéngt et awer vun Inspiratioun just esou ze spruddelen. Vill musikalesch Gedanken, déi den Dirigent zesummenhale muss, fir doriwwer e grousse Bou ze schloen.

Eng lieweg Opnam

Dës Aufgab ass dem Markus Bosch an der Staatsphilharmonie Nürnberg exzellent gelongen. De grousse musikalesche Bou besteet, ouni datt et bei deenen eenzele Passagen u Sprëtzegkeet oder Expressivitéit géing feelen. D'Musek lieft vun de Kontraster, déi de Markus Bosch op allen Niveaue realiséiert. Sief et an der Dynamik oder an der Agogik. Ënnerstëtzt gëtt dës lieweg Musek vun der Klangqualitéit. Den Orchester ass immens präsent, d'Instrumenter kloer definéiert a virun allem iwwerzeegt d'Opdeelung am Raum. Wéi wann een an engem Concertssall géing sëtzen, héiert een de Blech vu méi wäit ewech spillen, wéi zum Beispill déi éischt Geien.