Radioen

On air

De Weekend  |  Depeche Mode - Policy Of Truth

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Deen aneren Orchester

Solistes Européens Luxembourg

Deen aneren Orchester

Den Orchester Solistes Européens, Luxembourg spillt zu onrecht déi zweet Gei, fënnt de Christoph König. Den Dirigent fuerdert méi Unerkennung a wëll den Ensemble international positionéieren. De Manuel Ribeiro huet mam Christoph König iwwer déi nei Saison, iwwer de Broch mat Evidenzen an iwwer d'Perspektive fir d'Zukunft geschwat.

auto_stories

3 min

Christoph König ©Adrian Burrows

D'Solistes Européens, Luxembourg haten nach ni sou gutt besichte Concerten, wéi an der Saison 2014-2015. Dat schreift de Christoph Köig am neie Programmheft. Den Dirigent constatéiert allerdéngs eng Diskrepanz zwëschent dem artisteschem Engagement vum Orchester an senger wirtschaftlecher Vulnérabilitéit. Am Interview erkläert de Chef vum SEL: "Mir si keng déck Chrëschtdagsgäns, déi gemäscht gouf an ëmmer méi fett gëtt. Mir sinn op där extrem schlanker Säit." D'Administratioun géif sou just iwwer d'Ronne kommen. Méi wéi aacht Concerten am Joer wieren net dran.

Fuerderung no méi Ënnerstëtzung

"Jiddereen am Kulturgeschäft jäizt déi ganzen Zäit no méi Suen. Dat ass ganz normal." Fir d'Politik wär et doduerch awer nach méi schwéier, de Budget richteg ze verdeelen. D'SEL hätten no Ënnerstëtzung gefrot an och bësse méi Mëttelen zur Verfügung gestallt kritt. De Stellewäert, deen den Orchester fir d'Stad an d'Land kritt hätt, géif sech awer nach net an där Ënnerstëtzung erëmspigelen. Och de private Secteur, op deen den Ensemble ugewise wär, wär net méi sou spendabel wéi nach virun 10 oder 15 Joer.

Dem Christoph König senger Meenung no sollten d'Solistes Européens Luxembourg op d'mannst all zweet Saison eng Tournée duerch relevant Concertssäll an Europa kënne maachen. Den Orchester sollt mat engem gudde Label kënnen zesumme schaffen. Dofir géif et momentan un de Moyene feelen. An de Chef wënscht sech ee klenge Budget fir iwwerregional kënne Reklamm ze maachen. An doduerch d'Positioun vun engem kulturellen Ambassadeur fir Lëtzebuerg kënnen anzehuelen. Et wär wäertvoll fir d'Land, wa sech niewent dem OPL nach eng aner Faarf kéint an der Welt zu Wuert mellen, sou den Dirigent.

SEL - En innovativen Orchester

D'Solistes Européens, Luxembourg distanzéiere sech vun deem, wat evident ass. "Wéi all Mënsch Wagner gespillt huet, hu mir bewosst keen eenzegt Wierk vum Wagner gespillt. Eisen Hommage war eng Reflexioun, mat zum Beispill Musek vu sengem Antipod Brahms oder sengem Intimfeind Debussy," erkläert den Orchesterchef. An dëser Optik ass och de Concert mam Ophänkert "Ode à l'automne" vum 16. Mäerz 2016 ze verstoen. "Mir gëtt et ëmmer méi banal a méi evident, wann ech am Fréijoer d'Fréijoerssymphonie spillen." Duerch esou kleng Fale wéilt hien de Public geeschteg stimuléieren.

Stimulatioun fir d'Trommelfeller gëtt et de 14. Dezember 2015. Dann invitéiert den Orchester de franséischen Akkordeonist Richard Galliano. Niewent Komponisten, wéi dem Astor Piazzola oder dem Galliano selwer stinn och spannend Interpretatioune vu Bach, Tchaïkovsky oder Vivaldi um Programm.

Den Orchester setzt weider op de lëtzebuerger Repertoire. Ënner anerem mat der "Ouverture Légère" vun der Lou Koster, den 1. Februar 2016. An d'Konzept, datt den zweeten Deel vu Concerten am Viraus net bekannt ass, bleift e feste Bestanddeel vun der Programmatioun. Sou wéi beim Concert-surprise: "le très et le très peu connu de Mendelssohn" am Abrëll 2016.

Site vun de Solistes Européens, Luxembourg: http://www.sel.lu/

Den Interview vum Manuel Ribeiro mam Christoph König: