Fir d'musikalescht Encadrement vun der Programmvirstellung huet de Quatuor Beat mat enger impressionnanter Versioun vum Hummelflug gesuergt.
Wéi an der aktueller Saison, trëtt de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg och an der neier nees mat enger ganzer Rei grousse Solisten op. De Gustavo Gimeno verréit, wat fir eng Bedeitung esou Projete fir hien a fir den OPL hunn.
Wéi eng Bedeitung hunn Tournéeën fir den OPL? Kënnt d'Philharmonie mat iwwer 500 Manifestatiounen esou lues u seng Limitten? A wéi kënnt et, datt net jidderee gläichzäiteg d'Saisonsbrochure mat der Post kritt? Den Direkter vun der Philharmonie Stephan Gehmacher erkläert.
Wat muss nieft der Musek alles geschéien, fir datt e Concert assuréiert ka ginn? Fir Äntwerten ze fannen, hu mir e Bléck hannert d'Kulissen an an d'Katakombe vun der Philharmonie geworf.
D'Solistes Européens, Luxembourg an hire Chefdirigent Christoph König proposéiere regelméisseg ganz originell Programmer an der Philharmonie, déi ee soss kaum bei engem aneren Orchester fënnt. Dëse roude Fuedem gräife si och an der Saison 2018/2019 op.