Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi zweet Beethoven-Sinfonien Integralë mam Rattle

Klassik aktuell

Déi zweet Beethoven-Sinfonien Integralë mam Rattle

D'Berliner Philharmoniker hunn Enn August d'Integralë vun de Beethoven-Sinfonien nei éditéiert, mee op héichwäerteg CD/SACD. Et sinn Opname vun 2015 aus der Berliner Philharmonie mat hirem fréiere Chefdirigent Sir Simon Rattle.

auto_stories

4 min

Interpretatioun
Klangqualitéit

Interpreten: Berliner Philharmoniker. Sir Simon Rattle Dirigent.

(Sinfonie Nr. 9: Annette Dasch Sopran / Eva Vogel Mezzosopran / Christian Elsner Tenor / Dimitry Ivashchenko Bass / Rundfunkchor Berlin)


"Ta-Ta-Ta Taaaa"-Intro vun der 5. Sinfonie vum Beethoven! Dräimol déi selwecht Nout, dann nach eng Véiert eng Tièrce erof. Esou einfach kann ee Motiv d'Welt begeeschteren. Verschidde Spezialisten behaapten, datt dëst Motiv Symbol vum Schicksal wier, dat um Beethoven senger Dier klappe géing.

De Beethoven gëllt als ee vun de gréisste Komponiste vun allen Zäiten.

Dem däitsche Museker seng Sinfonien erklénge wéi e musikalesch dokumentéierte Liewenswee vum Komponist, säi perséinleche Kräizwee. Allerdéngs sinn dës Wierker och e musikalescht Manifest fir de Fridden tëschent de Mënschen a ruffen zu enger Reconciliatioun mat der Natur op. Brandaktuell Themen deemno.

Déi éischt zwou Sinfonië si Jugendwierker mat Haydn a Mozart Aflëss, mee loossen dem Beethoven säin eegene Charakter erkennen. Nei Harmonien a Modussen, souwéi och eng méi gewoten, méi grouss Orchestratioun, verroden en opkommende Museksgenie.

Déi drëtt Sinfonie "Eroica" sollt dem Beethoven säi Bewonnere fir den Napoleon ausdrécken. Mee de selwer-gekréinte Keeser sollt de Kënschtler fuerchtbar enttäuschen a verbatterten.

Aneschters awer weist de Meeschter a senger véierter Sinfonie, datt hien och e Mënsch war, dee frou konnt sinn. Frësch verléift léisst de Komponist seng glécklechst Musekssäiten mat Liicht a Freed erstralen.

Am Kontrast steet dann déi fënneft Sinfonie ("Schicksal"). Kaum virdrun hat e Wierk esou düster geklongen: Resignatioun, Roserei, Fatalismus an Trauer an deenen éischten zwee Sätz, mee d'Wierk schléisst mat Hoffnung op en Triumph op d'Schicksal of. De Komponist muss seng schwéier Gehéierproblemer, Liewenskrisen a Libesentäuschungen erliewen an akzeptéieren.

A senger sechster Sinfonie "Pastorale" kënnt de Komponist nees zur Rou, an dat an der Natur an engem Viruert vu Wien. Wat hei entsteet klengt haut wéi en Appel zur Relatioun Mënsch-Natur. Derbäi erfënnt de Beethoven sech musikalesch nei (Programmmusek virun der Zäit, Extraite goufe fir de Kultfilm "Soylnet Green" vun 1973 benotzt).

Déi bekannte siwter an déi total ënnerschätzten aachter Sinfonie wierke wéi Transitiounswierker. Freed an Trauer zugläich, mee och Kompositiounserfahrung, confirméieren, datt de Beethoven dee gréisste Komponist aus senger Zäit ass. De verwahrlosten eelere Mann lant du säi beschte Coup: Déi néngter Sinfonie "Ode an die Freude", nom Schiller sengem Text, jäizt no Bridderlechkeet. De komplett dafe Beethoven ass en Humanist a schaaft hei eng Sinfonie vu grousser Dimensioun, an där nees Schicksalsmotiven am éischte Saz seng Resignatioun mee och Roserei weisen, allerdéngs zu engem leschten triumphale Saz, "Ode an die Freude", féiert. Den Appel "Alle Menschen werden Brüder" am leschte Saz mat groussem Chouer an Orchesterapparat komme wéi Sonnestrale vum Himmel erof. E Verzweiwelungsruff no Fridden.

Dëse Kräizwee an néng Sinfonië beweist, datt de Beethoven och als Mënsch e Visionär war. D'Hymn un d'Bezéiung, "Mënsch-Natur", aus der 6. oder d'Friddensmanifest vun der néngter Sinfonie, bleiwen haut méi aktuell wéi jee.

"The Everest of the Repertoire", esou hat de Sir Simon Rattle dës Beethoven Sinfonië bezeechent.

Den Englänner huet dëse Gesamtzyklus 2015 an der Berliner Philharmonie dirigéiert, an dunn am Kader vun enger Tournée op New York, Tokio, Paräis a Wien matgeholl.

An der däitscher Haaptstad hat de Maestro Rattle et net ëmmer einfach. Hien huet Befürworter, mee och vill Kritiker déi behaapten, den Englänner géing mam däitsche Repertoire vu Beethoven, Brahms a Bruckner wuel net "teutonesch" genuch ëmgoen. Zur Klangkultur vum Orchester hätt hie wuel och näischt bäigedroen, esouguer am Géigendeel, hien hätt mat Rameau bis Adès an aneren Experimenter de geschätzte Berliner Klang ruinéiert.

De Coffret mat de Beethoven-Sinfonien, deen den 28. August 2018 verëffentlecht gouf, besteet aus Enregistrementer vum Hierscht 2015 an der Philharmonie. Dës néng Sinfonië koume schonn 2016 op Disk a Bluray eraus, allerdéngs gouf zanterdeem un den Opname geschafft. Si goufen elo als héichwäerteg CD/SACD-Editioun publizéiert.

De Manuel Ribeiro huet sech dee ganze Coffret vun de Berliner Philharmoniker mam Sir Simon Rattle senger Siicht ganz ugelauschtert. D'Opnamen hu Referenzcharakter, mee wäerten net jiddweree begeeschteren.