Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Maz Univerze - Hope

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dem Robyn Hitchcock säin ekstatesch elektriséierend Alterswierk

Pop a Rock

Dem Robyn Hitchcock säin ekstatesch elektriséierend Alterswierk

40 Joer Carrière an 21 Albumen huet de Robyn Hitchcock um Bockel. Awer de Sänger vu London ass an Topform. Säin neien Disk ass kuerzweileg. En iwwerzeegt duerch seng Direktheet an Éierlechkeet.

auto_stories

2 min

Et ass positiv erschreckend, wéi laang den éiweg jugendleche Robyn Hitchcock schonn ënnerwee ass. 1979 koum den éischte Longplayer mat senger Band The Soft Boys eraus. Matzen un der Wuerzel vum Post-Punk. Eng Wuerzel, un där sech den Hitchcock a seng Kollegen, wéi den Edwyn Collins a seng Schotte vun "Orange Juice" schonn eleng mat hire Bandnimm dem wuessende Machogehabe vun de Punker distanzéiert hunn. Mat den Albumen "A Can of Bees" an "Underwater Moonlight" huet hie sech an den Indie-Himmel gespillt. A wéi de Collins huet den Hitchcock och dunn iergendwann eng erfollegräich Solocarrière gestart. 21 Disken a bal 40 Joer méi spéit kënnt de Self-Titled Disk an de Plackerayon.

Den Hitchcock war ni fort, ëmmerhin huet hie mat The Venus 3 och nach e Grapp voll Albumen agespillt. Mee et gëllt elo de Robyn Hitchcock a sengem ekstatesch elektriséierenden Alterswierk héich ze halen. Fir dësen 21. Album ass hien op Nashville, Tennessee gereest, fir sech do an de Studio vum Brendan Benson ze verbarrikadéieren. De Benson war ënner anerem Co-Kreativkapp hannert de Raconteurs, engem vun de sëllege Nieweprojeten vum Jack White.

Dem Benson seng Produktioun kann Hitchcock-Puristen eventuell géint de Stréch goen. Ma d'Rockelement béit sech dem Wëlle vum Hitchcock, an net ëmgedréint. Textlech op den éischten Drécker ëmmer liicht ureg dolaanscht, hei e bësse Lovin' Spoonful, do eng Grëtz Velvet, léisst den Jonathan Richman och mol duerchblécken. Am Fong si seng Auteurecoden, wéi bei sengem Homolog am Film, zënter ëmmer kloer.

Robyn Hitchcock ass surrealistesche Pop, deen an enger interner a perséinlecher Logik fiert. De Museker ass op verschiddene Lidder nämlech ausseruerdentlech direkt. Wéi zum Beispill op "Raymond and the Wires", an deem hie seng Relatioun zu sengem Papp thematiséiert. An dann natierlech d'Sujeten, déi ee Gitarremuseker an deem Alter ëmmer beschäftegen: Alter, Isolatioun, Doud, ouni dobäi och just een Ament an d'Larmoyanz ze falen. Dofir ass de Robyn einfach ze frou mat der Kaz, déi hie Blofeld-ähnlech um Cover am Aarm hält. Robyn Hitchcock Anno 2016: kuerzweileg, an Topform an a 36 Minutten ass alles gesot.