Radioen

On air

Simon Says  |  Guts - Peaceful Life Feat. Lorine Chia

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Arthur Possing an den Jazz

Lëtzebuerger Pianist

Den Arthur Possing an den Jazz

Den Arthur Possing weess wat hie wëll: Jazz maachen. De Pianist a Vibraphonist huet 19 Joer, steet kuerz virun der Première a virum éischte Präis. Duerno soll et op Bréissel goen. Awer net fir ëmmer.

auto_stories

2 min

Dem Arthur Possing seng Ambitioune leie ganz kloer am Beräich vum Jazz: "Well ech mech do perséinlech méi fräi spieren, och a Richtung eege Kompositiounen." Dat wéilt net heeschen, datt hie klassesch Musek net gär hätt. "Ech gesi mech einfach net als Recital-Pianist, wéi mäi Proff, de Jean Muller."

Demo: "Invitation"

Eng vum Arthur Possing senge Kompositiounen ass op sengem neien Demo-CD ze fannen. "B16" ass e Stéck fir zwee Pianoen, benannt no engem Sall am Conservatoire. "An deem Sall stinn zwee Steinway Fligelen. Do hat ech dee gréissten Deel vun deem Stéck geschriwwen."

Um Disk "Invitation" sinn donieft Jazz-Standarden ze fannen, déi mat verschiddene Formatiounen opgeholl goufen. An eng Kompositioun vum Gittarist Gilles Grethen.

Afloss vun de Proffen

Ugefaangen huet den Arthur Possing an der Museksschoul zu Réiden. De Marc Mangen huet dee jonke Pianist an de Conservatoire a seng Jazz-Klass invitéiert. Duerno huet hie beim Jean Muller och klassesch Pianos-Course geholl. Dem Museker säin zweet Instrument ass de Vibraphon.

Wann hie säin éischte Präis um Piano an der Täsch huet, wëll den Arthur Possing op Bréissel goen. "Ech hat hei ee ganz gudde Proff: De Guy Cabay, dee lo an d'Pensioun geet. Hien ass ee belschen Jazz-Museker, dee gläichzäiteg ëmmer Proff zu Bréissel um Conservatoire war. Duerch hien hunn ech mech fir déi belsch Jazz-Zeen interesséiert."

No sengen Etude wëll de Museker zeréck op Lëtzebuerg kommen.


Audio: De Manuel Ribeiro am Gespréich mam Arthur Possing