Radioen

On air

Notturno  |  Sascha Ley - Travelling Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den neien Album vum Napoleon Gold

Sunset Model

Den neien Album vum Napoleon Gold

De Produzent Antoine Honorez presentéiert säin éischte Longplayer. Et ass eng Kollaboratioun mat ville Gäscht. Fir d'Texturen an d'Sounds huet hie mat sengem Produzent Pierre-Hadrien Trigano zesummegeschafft.

auto_stories

2 min

"Ech wollt, datt d'Plack déi ganz Bandbreet vu Stiler an Influenzen zesummebréngt, déi mech ausmaachen, an dofir sinn och esou vill Kollaboratiounen drop. "La nuit je ne dors pas, je pense à toi" ass mäin Text, an ech sangen op dësem Song och selwer. Op deenen aneren hunn ech d'Musek gemaach an de respektive Sänger a Rapper fräi Hand gelooss."

Fir d'Texturen an d'Sounds huet den Napoleon Gold enk mat sengem Produzent Pierre-Hadrien Trigano zesummegeschafft, dee fréier bei Natas Loves You geschriwwen a gesongen huet. Hien ass och d'Lead-Stëmm op "If You Want Me To".

Eng Kollaboratioun mat ville Leit

Jerôme Klein, Jesus Honcho, Jalen Santoy, Madge, Anna Majidson, Haiva Ru a Raquel Barreira heeschen déi aner Gäscht op Sunset Motel, eng Mëschung aus lëtzebuergesche Korypheeën an amerikanesche Labelkolleegen deemno. D'Fënster vum Sunset Motel ass wäit op, an esou munch een huet Loscht, bis eranzesprangen.

Live kann een den neie Programm bei der Presentatioun vum Disk an der Bréisseler Ancienne Belgique den Donneschdeg 24. Oktober erliewen. Op eng gréisser Tour geet et am Moment nach net. Wuel awer gëtt schonn u weiderer neier Musek geschafft. D'Nuecht am Sunset Motel gëtt et bis dohinner zum gewinnte Präis op deene gewinnte Plattformen, an och geschwënn op Vinyl.