Radioen

On air

Notturno  |  Ninon - Best For Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Nohall vum Éischte Weltkrich um musikalesche Seismograph

Field Music - Making a New World

Den Nohall vum Éischte Weltkrich um musikalesche Seismograph

Méi anescht wéi "The Wall" geet et net - Field Music revisitéieren de sozialpoliteschen, historesche Konzeptalbum a rëselen dobäi vill Interessantes aus dem Aarm. Dee siwente Studioalbum vun der Band ëm den David Brewis vu Sundeland ass en historesche Konzeptalbum.

auto_stories

7 min

Foto: Sebastian Matthes

Den Album vun der Woch geet ëm Binden. Oder zumindest deelweis. Well wärend d'Blutt vun de gefalenen Zaldoten am Éischte Weltkrich scho laang duerch de Bulli an d'Steng vun den Tranchéeë gesickert ass, behale mer déi éischt Menstruatiounsproduiten als ee vu villen Echoen aus dësem éischten Après-guerre.

Jo, den Album vun der Woch ass en historesche Konzeptalbum. E kënnt vu Field Music, enger Grupp vu Sunderland an England, déi schonn ëmmer e bësse méi ikonoklastesch Propositioune gemaach huet, an dowéinst manner Opmierksamkeet op sech zitt, wéi aner Vertrieder vum Genre. Wéi engem Genre, frot der? Soe mer mol, sonnege Post Punk, e bësse "kraut"-eg och, eppes fir Frënn vun LCD Soundsystem oder Can vläicht, mat poppegen Hooks a Rhythmus am Iwwerfloss.

Musek iwwer d'Enn vum Éischte Weltkrich

D'Geschicht vun der Geschicht, also vum historeschen Aspekt vum Album, geet esou: De Londoner Imperial War Museum hat bis den 31. Mäerz vum leschte Joer eng Ausstellung mam Titel "Making a New World" lafen, déi fir de Jubiläum vum Enn vum Éischte Weltkrich dës, eis dacks manner bekannten, Nokrichszäit a Biller gefaasst hat. Mat hire gesellschaftlechen Ëmbréch, techneschen Neierungen, politeschen Tendenzen.

Field Music goufe gefrot, fir d'Ausstellung eng zäitgenëssesch Installatioun ze proposéieren, déi laut Kommissioun den Titel "The End of the War" sollt droen. Den Usaz vun der Band war ee Produktiouns- an Technologie-orientéierten. Well wann d'Erfarung vum Éischte Weltkrich fir eng ganz Generatioun d'Grausamkeet an d'Sënnlosegkeet vu militäresche Konflikter fir ëmmer agebrannt huet, da war dat och wéinst der Waffentechnologie, déi zum Asaz koum, an déi anescht war, wéi an all Krich do virdrun.

D'Schuddere vum Krich

Un der Spëtzt vum deemolegen Know How fanne Field Music d'Technik vum Sound Ranging, déi et den Truppen am oniwwersiichtlechen Terrain vun de Schützegrief erlaabt huet, duerch d'Opzeechnung vu Vibratiounen erauszefannen, vu wou aus déi feindlech Waffen hiert Feier ofgeschoss hunn. Eng Minutt haarde Kaméidi, eng Minutt bal Silence, déi grafesch Opzeechnunge vun deene leschten, wierkleche Schuddere vum Krich virum Waffestëllstand.

Field Music ware vum Sujet faszinéiert a wollten hir Trajectoire scheinbar net verloossen. Déi kreativ Ausernanersetzung mat der Geschicht huet den David Brewis, Kapp vun der Band, a säi Brudder Peter, fréiere Futureheads-Drummer, dozou inspiréiert, nach méi vun den Echoe vun der éischter Nokrichszäit anzefänken, an an Zeen ze setzen. Näischt dovunner erënnert un ee Militärkierfecht oder ee verstëbsten Ardennen-Heimatmusée.

Bei der Fro, ob a firwat et 100 Joer dono interessant ass, dës eis dacks wéineg bekannten éischt Nokrichszäit nei ze beliichten, hu mir eis Hëllef bei engem vun eisen Zäithistoriker op dëser Antenn, dem Vincent Artuso geholl.

"Den Éischte Weltkrich, déi donnernd a brennend Hell, an déi d'Welt vum 19. Joerhonnert mat senge biergerleche Wäerter a sengem Glawen un de Fortschrëtt an un der Iwwerleeënheet vun der europäescher Zivilisatioun ënnergaangen ass. Scheinbar éiweg Räicher, wéi dat vun den Tsaren, den Habsburger oder den Osmanen, si vun engem Dag op deen anere verschwonnen. A Russland, Ungarn, oder Däitschland hu sech hongereg Massen erhuewen, fir d'aristokratesch a kapitalistesch Uerdnung duerch e bolschewistescht Paradäis ze ersetzen. D'Fraen, déi véier Joer laang ouni hir Männer eens gi waren, waren net méi bereet, sech mat enger ënnergeuerdenter haislecher Roll zefridden ze ginn, an iwwerall op der Welt hunn ënnerworf a koloniséiert Vëlker gehofft, datt si sech bal vun hire gebrachene wäissen Häre géife befreien. Millioune vun demobiliséierte jonke Männer sinn doropshin heemkomm an hunn näischt méi erëmerkannt. An deem Nokrichs-Chaos hu sech vill vun hinnen eng nei Uerdnung gewënscht, eng méi brutal, méi viril, méi solidaresch wéi déi, déi si un der Front kannt haten. Deemools huet den italieneschen Denker Antonio Gramsci folgend Definitioun vun der Kris gepräägt: 'Le vieux monde se meurt, le nouveau monde tarde à apparaître, et dans ce clair-obscure, surgissent les monstres'."

D'Plack fänkt u mam tatsächleche Sound vun der Installatioun op den Titele "Sound Ranging" a "Silence", déi de Kader setzen. Déi éischt richteg Songs op der Plack, "Coffee or Wine", "Best Kept Garden" an "I Thought You Were Someone Else" beschreiwen de Retour vum iwwerliewenden Zaldot, deen aus dem Trauma zeréckkënnt an eng Welt, déi anescht a friem ass.

Erausstécht de rhythmesche Piano a Perkussiounen, déi zum Deel aus gesampelten Alldagsgeräischer bestinn. Wa Field Music, wéi hei, ee biergerlechen Environnement afänke wëllen, klénge si e bëssen no Steely Dan.

Dat Lescht vun dësen ass en jazzegt Piano-Bass-baséiert Stëmmungsfragment, dat Loscht mécht, d'Produktioun ervirzehiewen. Si ass ganz vun der Band selwer, an hirem eegene Studio realiséiert a kënnt enger héchst nobeler Jazz-Studioopnam no, esou schéi jugéiert, datt scheinbar méi "schwaach" Momenter zu agreabelen Otempause ginn.

"Between Nations" erënnert u Smile-Era Beach Boys, d'Stëmmen un d'Talking Heads a Queen, a wann der elo de Verdacht hutt, datt Field Music hei ze vill Influenze verbaken oder ze vill léine géife goen, da kënne mer Iech berouegen: dëse Cocktail ass komplett onverwiesselbar.

Déi immediat Welle vum Krich maachen duerno Plaz fir eenzel Geschichten, déi weise wéi de gesellschaftleche Ruin dono, mee och d'Technologien a politesch Iddien, déi am an nom Konflikt entwéckelt goufen, bis haut nohalen.

Den Humor ass eng Stäerkt

"A Change of Heir" geet ëm den Harold Gillies, een Dokter, deen d'Prozedur vum Grefféiere vun Haut perfektionéiert huet, fir Zaldote mat Verletzungen a Verbrennungen erëm an d'Rei ze kréien. An de folgende Joerzéngte sollt hie mat därselwechter Technik déi éischt Geschlechtsëmwandlungen duerchféieren.

Den Humor ass sécherlech eng Stäerkt vum textlechen Aspekt vun der Plack. Dëst stécht besonnesch op "Money Is a Memory" eraus, engem deftege Funk, deen aus dem Bléckwénkel vun engem däitschen Tresoreriesbeamte geschriwwen ass, deen d'Éier huet, am Joer 2010 déi leschte Krichsreparatioun ze iwwerweisen.

De Song setzt d'emotionaalt Vergiessen an de Relief. Wat fréier dat liewegt Schicksal vu Millioune Mënsche war, déi geschweesst a geblutt hunn, ass haut eng bürokratesch Formalitéit tëschent Mëttespaus a Feierowend. "Mir wollten de Krich duerch d'Joerzéngte ganz no un eis erun zéien, aus der Erënnerung eraus an eisen Alldag eran.", esou de Brewis am Pressetext.

Eng männeraarm Zäit nom Krich

Hei komme mer da bei d'Menstratiounsbinden, eng Erfindung vun der Nokrichzäit, déi am Titel "Only in a Man's World" thematiséiert ginn. Dem Brewis seng Schimmt an Apprehensioun, dem Thema eppes ofzegewannen, ass symptomatesch fir feministesch Mouvancen, déi an enger männeraarmer Nokrichsgesellschaft gestäerkt goufen, an dach och 100 Joer méi spéit nach kee wierklech oppenen Ëmgang mat Geschlechterrollen ze erlabe schéngen.

Och d'Fraen- a Friddenskonferenzen, déi virum an nom Krich organiséiert goufen, ginn am Song "Beyond That of Courtesy" thematiséiert, a mat der éischter Wiel vun enger Fra an de 60er Joren zur Staatscheffin a Verbindung bruecht.

Vergaangenheet, Géigewaart an Zukunft

D'Rapprochementer, déi Field Music maachen, sinn net historesch-wëssenschaftlech, mee éischter exemplaresch ze verstoen a maachen op spilleresch Aart a Weis verständlech, wéi Vergaangenheet, Géigewaart an Zukunft mateneen interagéiere kënnen, mussen, net anescht kënnen.

Et kann een awer och gären d'Konzept ewechloossen, d'Texter als individuell Geschichte bausse vir loossen a sech u Field Music hirer musikalescher Vilfalt an Accessibilitéit erfreeën. Dëst ass kee schwéierfällegen Album, egal wat de Sujet kéint suggeréieren - an domat eng wierklech innovativ Leeschtung, déi de Potenzial vu Pop-Musek a populärer Kultur, Gesellschaftleches ze reflektéieren, androcksvoll ënner Beweis stellt.