Als Dirigent vun der Maîtrise vun der Kathedral huet de Marc Dostert e grousse Fundus u Stécker a sengem Repertoire. Fir de Lëtzebuerger Online-Chouer huet hie sech allerdéngs eent erausgesicht, dat hien nach ni virdrun dirigéiert huet: "Tourdion", e lëschtegt Lidd an engem beschwéngten dräi-véierels Takt.
"Ech hunn et erausgesicht, well et do ëm d'Drenke geet, ëm d'Gesellegkeet. Alles dat, wat mir jo momentan leider net dierfen, kann een esouzesoen iwwer d'Sangen trotzdem maachen "
Den ëmgekéierte Wee
Normalerweis brauch ee fir d'éischt e Chouer, éier een als Dirigent aktiv gi kann. Beim Online-Chouer ass d'Situatioun eng aner: Fir datt d'Participante synchron sange kënnen, huet de Marc Dostert am Viraus e Video vu sech opgeholl, op deem hien an d'Loft dirigéiert. Eng ongewinnte Situatioun fir de Museker:
"Dat war eng Première fir mech an dat war ganz komesch. Ech hunn dat dobaussen bei mir um Balcon opgeholl, wou een an d'Natur eragesäit, an ech mengen, datt dat och e bësse soll an deem Sënn sinn, vun engem Fest, wou een dann dobausse sëtzt an zesummen eppes drénkt."
Wéi matmaachen?
De Lëtzebuerger Online-Chouer ass op fir jiddwereen. Fir ze matzemaache ginn dräi einfach Schrëtt duer: Umellen, ophuelen an eraschécken. Nodeems ee sech iwwer d'E-Mail-Adress info@inecc.lu ugemellt huet, kritt een en techneschen How-To, d'Nouten an e Playback-Video geschéckt. Op dësem Video gesäit een de Marc Dostert dirigéieren an et héiert een d'Lidd "Tourdion". Wann een d'Nouten e bësse geüübt huet, filmt ee sech mam Smartphone, wärend ee synchron mam Playback-Video matséngt. Als lescht schéckt een den eegene Video dann un den INECC.
Nodeems all d'Videoen erageschéckt goufen, gi se zu engem eenzegen zesummegeschnidden an d'Stëmme vun engem professionellen Tounmeeschter gemixt. Zum Schluss gëtt béides nees zesummegeféiert an d'Resultat online gestallt.
Editioun 1
Lauschtert déi éischt Editioun vum Lëtzebuerger Online-Chouer mam Nicolas Billaux hei: