Adrian
"Staark Emotiounen hëllefen ëmmer fir eppes ze schreiwen", seet den Adrian. "Wann de Mindset richteg ass, setzen ech mech einfach bei de Piano a maachen et." Fir den Adrian-Sound originell ze maachen, hätt hien ëmmer en Cello dobäi. "Ech hunn dat Epescht gär, alles wat extravagant ass."
C'est Karma
C'est Karma huet ugefaange mat Cover-Songs. "Meng Musek geet an d'Richtung Singer-Songwriter, Folk, Pop, ... iergendeppes ..." Awer och Punk an Hip Hop beaflossen d'Karma, wa si Songs schreift. Den DIY-Aspekt läit hir um Häerz. D'Gittarspillen huet si sech gréisstendeels selwer bäibruecht, d'Produktioun vun den Opname geschitt doheem bei hirem Kolleeg Georges Goerens alias Bartleby Delicate.
Dessy Mesk
"Mir hu vun alle Bands beim Screaming Fields am mannsten Erfahrung", seet d'Laura Legille, d'Sängerin vun Dessy Mesk. Awer mat hirem eegewëllegen an originelle Songwriting zielt d'Band elo schonn zu den Decouvertë vun dësem Joer. Mac de Marco a King Krule zielen zu den Influenze vum Quartett. Dessy Mesk sangen iwwer Sujeten, déi Teenager interesséieren, sou wéi Léift, erkläre si. Dat géif sech am Beschte verkafen.
Oke
De Khalid Oke huet mat dräi Joer zesumme mat senger Bom an Nigeria an der Kierch ugefaange mat Sangen. Musek wier fir hien awer ëmmer nëmmen en Hobby gewiescht. Eréischt nom Doud vu senger Bom, an nom Succès vun engem Song, deen hie mat der Miss Giorgia Gray opgeholl hat, hätt hien decidéiert, mat der Musek weiderzemaachen. "Meng Stäerkt läit am Soul", seet hien. Da wieren d'Leit ëmmer begeeschtert vu senger Stëmm.
Pleasing
Eng Band war him ze vill stresseg, dofir huet hien decidéiert, Solokënschtler ze ginn. "Ech weess ganz genee, wat ech wëll." Hie wéilt net, datt een him dra schwätzt. Seng Musek bezeechent de Pleasing als Math-Rock. An e puer Méint wäert de jonke Gittarist op London wunne goen. Vun do aus wëllt hie seng musikalesch Carrière lancéieren. D'Musek vu Pleasing ass kloer op d'Gittar fokusséiert. Gesang gëtt et nëmmen op engem Titel vu sengem éischten EP.
Rat October
Rat October ass dëst Joer déi häertste Band beim Screaming Fields. Hir Musek bezeechne si als Alternative Rock, si sinn awer och oppe fir aner Aflëss. Datt d'Affiche stilistesch méi breet gefächert ass, fannen d'Museker gutt. "All Museksgenre zu Lëtzebuerg sollt déi selwecht Chance kréien." Virdru wier de Screaming Fields ëmmer relativ Rock- a Metal-lasteg gewiescht. Dëst Joer nach sollen zwou neie Singele vu Rat October erauskommen.
Trappers
Obwuel d'Trappers Fans vu Retro-Sound an alen Instrumenter sinn, maache si sech net zou viru modernen Elementer. An hiren Texter géife si gesellschaftlech Konventiounen hannerfroen, seet de Sänger. Zum Beispill beschäftege si sech domat, datt duerch sozial Medien de "Schein" ëmmer méi eng Wichtegkeet kritt, wéi de "Sein".
Tyra
"Ech sinn zu 100 Prozent an der Musek", seet d'Tyra. Zu Lëtzebuerg géif et keng Zeen fir Pop an EDM ginn, dofir wier et komplizéiert fir eng Carrière ze lancéieren. D'Sängerin huet Etüden am Beräich vun der Musek gemaach. Trotzdeem ass si der Meenung, datt si beim Screaming Fields nach villes ka léieren. Enn vum Joer bréngt d'Tyra eng nei Single eraus, an 2020 soll en Album kommen. Um Screaming Fields wäert si nach mat Backing Tracks optrieden, duerno wäert ee si mat hirer neier Band kënnen erliewen.