Radioen

On air

Notturno  |  Emile Mosseri - My Greedy Heart

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Devon Sproule - Lidder zwëschent Jazz an Americana

Singer-Songwriter

Devon Sproule - Lidder zwëschent Jazz an Americana

"The Gold String" ass deen neien Album vun der amerikanesch-kanadescher Musekerin Devon Sproule. Si beschreift hir Musek als nordamerikanesche Folk mat louchë Wuerzelen. Dat trëfft et ganz gutt.

auto_stories

3 min

Déi éischt Téin vum Stéck "Trees at your mom's" weise schonn de Charme vun der Devon Sproule hirer neier Plack. Eng gewéinlech Akkord-Folleg ännert op eemol hir Richtung. Eng simpel Melodie kritt eng frësch Identitéit. Recherchéiert Jazz-Harmonien a lackeleg Folk-Pop Kläng verlafen um Album "The Gold String" aneneen. D'Batterie bleift dobäi ëmmer minimalistesch.

Op hirem néngten Album krut déi 35-Joer al Singer-Songewriterin aus dem Virginia Hëllef vun der Toronto Dream-Pop Grupp "Bernice", déi smooth verdreemte Kläng op d'Scheif bréngen. Nieft Bass, Batterie a Gittar hieft en Teppech vu Keys a Vocal-Harmonien déi folkeg Musek a lëftege Sphären.

Der Devon Sproule hir lyresch Melodie fléissen an engem Zoch vun hirer Long. Eckeg, duuss, waarm oder och monoton, hir Stëmm huet eng agreabel Eegenaart, déi net langweileg oder opgedrängt wierkt.

An der obskurer Grozon

Stylistesch beweegt d'Devon Sproule sech an der obskurer Grozon vum Singer-Songwriter Jazz-Americana. Déi Etikett ass wäit hiergeholl. Awer si faasst de komesche musikaleschen Amalgamm iergendwéi zesummen.

Et denkt een hei un déi louche intrigant Folk-Musek vum Sam Amidon, deen ënnert anerem mat der Jazz-Gittar Legend Bill Frisell dacks collaboréiert huet. Ee Gittarist, deen däitlech d'Spill vun der Devon Sproule beaflosst huet.

D'Joanna Newsom, mat hirer mysteriéiser Stëmm a sënnlecher Harf wier als Verglach schonn ze extrem. Musikalesch gi béid Musikerinnen awer mat där nämmlechter Originalitéit an Intensitéit un hir Aarbecht erun.

Singer-Songwriter Folk muss eben net ëmmer wéi sentimentalen Damian Rice oder kommerzielle Mumford & Sons klengen. Dat Schwéiert ass et, eng Einfachheet z’erhalen déi interessant bleift, eng simpel Basis gerecht ze verfeineren. Dës schwiereg Balance kënnt an der Devon Sproule hirer fräier Musek gutt zum Virschäin. Eng wonnerbar Particularitéit kënnt duerch déi ongewéinlech Melodien a progressiv Harmonien ervir.

Mäerchenhaft Elementer am Alldag

"The Gold String" ass an dräi verschiddene kanadesche Provënzen opgeholl ginn - dem Yukon, Ontario a Nova Scotia souwéi och op de schottesche Shetland Inselen. Wëll Plazen, déi vun hirer impressionnanter Natur markéiert sinn.

Thematesch fënnt een dës Landschaften an der Devon Sproule hire poeteschen Texter erëm, déi Fräsche mat Kueb-Stëmmen a gëllene Fiedem erbäizauberen. Mäerchenhaft Elementer déi am konkreten Alldag verankert sinn.

Déi aacht Lidder op der Devon Sproule hirer neier Plack iwwerraschen a verféieren. Et huet een et mat enger Musekerin ze doen, déi net fäert belanglos Konventioune vun der Musek ze briechen.


"The Gold String" ass um radio 100,7 den Album vun der Woch vum 24. bis den 30. Abrëll.