Radioen

On air

Notturno  |  Dijon - Coogie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Di blo Stëmm vun de Gewässer

Klassik-CD vun der Woch

Di blo Stëmm vun de Gewässer

Portugisesch zäitgenëssesch Komponiste sinn an deene leschten zwanzeg Joer ëmmer méi an de Concertssäll ronderëm d'Welt, präsent. Esou zum Beispill de 1969 gebueren Luís Tinoco, vun dem en Disk beim Label Odradek ganz senge Kompositioune gewidmet ass. De Manuel Riberio huet sech den Disk mam Titel "The blue Voice of the Water", ugelauschtert. Eise klasseschen CD vun der Woch.

auto_stories

5 min

Interpretatioun
Klangqualitéit

Interpret: Luís Tinoco

"The Blue Voice of the Water"

  • O Sotaque Azul das Águas (The Blue Voice of the Water) (2015)
  • Cello Concerto (2016-17)
  • Frisland (2014)
  • Before Spring, a Tribute to 'The Rite' (2010, rev 2013)

Filipe Quaresma, Cello
Gulbenkian Orchestra / Susanna Mälkki (O sotaque azul)
Orquestra Sinfónica Portuguesa / Pedro Neves (Concerto)
Seattle Symphony / Ludovic Morlot (Frisland)
Orquestra Sinfónica do Porto Casa da Música / Martin André (Before Spring)


Luis Tinoco, Joergank 1969, beim Label Odradek. Grouss ginn ass hien an enger Musekerfamill wou Jazz extrem present war. Hie studéiert am Filmberäich a probéiert als Komponist aktiv ze ginn, mee ännert du säi Kursus.

Mee wa mer soe Filmmusek, da schwätze mer vun Thriller mat vill Spannung a schwaarz/wäiss. Also keen John Williams mat grousse Melodien a Fanfaren. Mee et bleift zäitgenëssesch an dem Sënn datt et éischter atonal ass, och wa vill a grouss Spuere vun Tonalitéit mat erafléissen, a sech domat vermëschen. Op jiddefalls ganz spannend.

Dat éischt Stéck huet dem Disk säin Numm ginn

O Sataque azul das Aguas oder The blue voice of the water ass den Opener vum Disk, als Commande vun zwee Orchesteren aus Portugal a Brasilien. Eng Inspiratioun iwwert déi geographesch a soziologesch Verbonnenheet tëscht deenen zwee Länner.

Hei stellt den Tinoco sech vir, wéi déi subtil Faarwnuancë vun de Mierwelle changéiere beim Reese vun engem Kontinent op deen aneren. Wéi eng Metapher vun den Accentsënnerscheeder tëscht dem europäesch betounte Portugiesech an dem brasilianesch betounte Portugiesech.

Als Inspiratioun hat den Tinoco e Gedicht vum rezent verstuerwene brasilianeschen Dichter Manoel de Barros, dem seng Dichtunge wierklech voller Fantasie sinn. An, an enger Dichtung Compedium for birds ass e Satz dran iwwersat als "The voice of the water has a blue Accent". Also doduerch och The Blue voice of the water.

Mee d'Inspiratioun vun der Dichtung ass nëmme limitéiert. Déi musikalesch Pièce reflektéiert éischter d'Schéinheet vum Mier, seng Detailer, seng wellenähnlech Texturen déi sech zu Tsunamis entwéckele kënnen, mee zeréck zu enger kompletter Stëllt verwandelen.

Um Disk ass och een Celloconcert

An der Saison 2016/17 war de Luis Tinoco composer in residence vum portugisesche Symphonieorchester a vum Sao Carlos Theater zu Lissabon. An dem Kader ass den Cello-Concerto entstanen.

Den Cello Concerto vum Luis Tinoco ass markéiert mat Spannungen tëscht Solist an Orchester. Mysteriéis mat dacks och speziell Effekter säitens Orchester. Zemools den drëtte Saz deen am Ufank dynamesch spannend ass, bis lues a lues den Tempo zeréckgeholl gëtt an endegt méi roueg an dramatesch. Jiddefalls nees e Stéck vum Luis Tinoco ganz atmosphäresch a wéi surreell Billermoolerei.

De Cellist Filipe Queresma an den Dirigent Pedro Neves sinn an hirem Element. Portugisesch Musek vun dem Niveau ze promouvéieren ass fir déi eng Liewensaufgab.

Da fléie mer bis op eng Insel wäit ewech?

Friesland vum Luis Tinoco war eng Commande vum Seattle Symphony, den och hei um Disk present ass. An hei geet et em eng Insel déi am 16. Joerhonnert am nërdlechen Atlantik soll opgedaucht sinn, an deemools op eng Landkaart koum, mee d'Insel soll fiktiv sinn.

Den Tinoco beschreift nees op seng beängschtegend Manéier e No man's land, iwwert en erfinderescht a nees atmosphärescht Wierk als Tribut un e gewëssene Bill Frisell, jo den Jazzgittarist. Eng Metapher vun Jazzavokatiounen déi sech op enger Insel verluer hätten. De Bluesesche Minimalismus trëfft hei op Philipp Glass ähnlech schwaarz Krimimusek.

An esou schreift de Luis Tinoco: I used the Phantom land ass a trigger for a Phantom music, theat is a msuic of no lan's land, or of an ambigous territory, to demonstrate the approach to the material of another composer, The fantasy Element became quitte important to the concept of the piece.

Ënnert dem other composer ass de Bill Frisell gemengt, deen iwwregens zu Seattle 30 Joer gelieft huet. Also hei keen Zoufall, mee alles esou gewollt. Den Tinoco ass iwwregens e Bewonnerer vum Bill Frisell senger Musek.

Dat lescht Stéck mat Influenze vu Stravinsky

Och dëst war eng Commande. An zwar hei vum Centro Cultural de Belem an den Orchester Utopica, en Ensembel vu 16 Leit, am Joer 2010. D'Stéck gouf 2013 fir groussen Orchester ëmgeschriwwen.

D'Stéck um Disk heescht Before Spring, a Tribute to The Rite, an deems de Luis Tincoco wéi e Stravinsky mat Rhythmus a Modi wéi en Undenke markéiert. En Undenken och am Kader vun den 100 Joer Sacre du printemps.

E puer Somkären déi de Stravinsky a sengem Wierk gesat hat, huet den Tinoco a sengem Stéck nees opgeholl, dat heescht gewësse Figuren. Dës Reminiszenzen héiert een och eraus.

Fazit?

D'Disken erschénge beim Odradek, sinn Uropféierungen aus diverse Live-Matschnëtter. Also keng Studioopnam mee alles, live.

Also ass et ëmsou méi schwéier zäitgenëssesch Stécker, déi komplex an der Struktur, an der Intonatioun an am Rhytmus sinn, live ze spillen a se direkt opzehuelen.

Egal ob Orchestra Gulbenkian, Orquestra sinfonico da casa da musica, den Orquestra sinfonica portugesa oder de Seattle Symphony, all klénge se iwwerzeegend, mat diversen Dirigenten déi dem Luis Tinoco seng Musek verstinn a se ze vermëttele wëssen. Et ass keng einfach Musek, mee wann ee sech drop aléisst, kann een trotz dem dacks atonale Modus, vill Spaass domat hunn, a beim ëmmer erëm Lauschteren ëmmer Neits erkennen.