De Sam Gendel ass an éischter Hisiicht als Saxophonist bekannt. An zwar als Member vum alternative Soul Museker Moses Sumney senger Backing Band. Seng Talenter ginn awer wäit iwwert dëst Blosinstrument eraus. A wéi all éiergäizege Museker probéiert hien och säi Gléck als Frontman vun engem Projet.
Op senge Debut "4444" beweist de Sam Gendel sech als originelle Gittarist. D'Säiteninstrument steet op deenen eelef delikate Stécker am Mëttelpunkt. Gläichzäiteg a verschiddene Varianten. Klassesch an elektresch Gittare ginn immens geschmeideg aneneen iwwer. Si schafen deen néidegen Teppech fir dem Sam Gendel seng zréckhalend Vocals.
D'Stëmm schaaft Dynamik
De Sam Gendel pëspert engem an d'Ouer. Zréckhalend, liicht introvertéiert an intim. D'Gesangsmelodië stieche gréisstendeels duerch d'Rhythmik eraus. De beandrockenden Tounëmfang vu sengem Band-Kolleg Moses Sumney huet hien allerdéngs net. Dat wier och en extreme Verglach. De Sam Gendel baut awer eng Dynamik mat senger Stëmm op, déi dacks a meditativ Momenter iwwergeet.
Seng Grenzen an där Hisiicht ginn duerch d'Musek kompenséiert. Lëfteg an ënnerdriwwen. Duerch oppen Harmonien schaaft de Sam Gendel eng geheimnisvoll Atmosphär, an där eng berouegend Spannung konstant erhale bleift.
Diskretioun ass d'Stéchwuert
De Sam Gendel gëtt vun zwee weidere Gittaristen op sengem Debut begleet. Den Adam Ratner, dee verschwommen a liicht dissonant Kläng bäidréit. An och de Fabiano do Nascimento, deen um Stéck "Portrait Orchid Gun" spuenesch Gittarstéin an de Mix bréngt.
Dem Sam Gendel seng Talenter um sechs-säitegen Instrument sollten awer net ënnerschat ginn. Säi Stil dréit engersäits d'Accessibilitéit vum Sting-Gittarist Dominic Miller. Anerersäits resonnéiert och déi virtuos Technik vun engem Lionel Loueke. Dat gëtt beim Sam Gendel an en Neo-R'n'B-Soul Kontext ëmgesat. Diskretioun ass hei d'Stéchwuert. Si huet villes der non-intrusiver Perkussioun vum Kevin Yokota ze verdanken, deen déi néideg lëfteg Akzenter setzt.
Liicht naiv Texter
Vu meditative Progressioune bis hin zu Latin-Stécker; de Sam Gendel amuséiert sech mat Jazz Formen a Stiler, déi hien op seng delikat Manéier manipuléiert. Kal a formell kléngt den Debut net. Och wa seng Texter eppes liicht Naives hunn, ass hien um gudde Wee, seng Stëmm ze fannen. "4444" ass vum Musikaleschen hier immens gedämpft a roueg. Hien hëlt sech déi néideg Zäit fir auszehuelen a weess sech kontrolléiert auszedrécken. Et muss ee jo net d'Grandeure vun engem Moses Sumney hunn, fir ze beandrocken.