Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Du däerfs soss näischt wëlle wéi et packen"

Lëtzebuerger Drummer

"Du däerfs soss näischt wëlle wéi et packen"

Matt Corby, Example an elo Mumford & Sons... De Lëtzebuerger Chris Maas ass fräiberuffleche Museker, deen zu London Perkussioun studéiert huet a mëttlerweil mat weltbekannte Bands ënnerwee ass. Eng Carrière, déi vill versprécht. Den 100,7 huet sech mam talentéierte Batteur ënnerhalen.

France Ewen, Michel Delage

auto_stories

4 min

Chris Maas

"Et ass am Fong déi klassesch Geschicht, ech wollt ëmmer si wéi mäi Papp", seet de Chris Maas. De Lëtzebuerger Batteur, deen den Ament mat der bekannter britescher Folk-Rock-Band Mumford & Sons op Welt-Tournée ass, hat als Bouf dem Papp beim Trommelen an der Bartrenger Musek iwwert d'Schëllere gekuckt. A lass goung et: am Alter vu sechs-siwe Joer Solfège bei der UGDA, duerno de Conservatoire, deen hien als Zwanzeg-Joer-ale mam éischte Präis ofgeschloss hat.

Du goung et mat zwee Kollegen op London, do also wou d'Musek spillt. De Chris Maas wollt während der Weiderbildung an enger Batterieschoul eng Paus aleeë fir et als Session-Museker ze probéieren. No engem "relativ gudden éischte Joer" mat e puer Touren war et op eemol net méi sou gutt gelaf. Also zeréck an d'Schoul, de Bachelor fäerdeg maachen, wéi d'Famill dat gär vun him gehat hätt?

Studium ofschléissen oder fräie Museker?

De jonke Lëtzebuerger ass léiwer "um Ball bliwwen". "Do hunn ech misse wierklech haart schaffen, vill eraus goen, vill Leit kenne léieren, Produzenten, aner Museker". D'Tournéeë sinn ëmmer méi grouss ginn. "Do gehéiert schonn e bësse Chance dobäi. Du däerfs am Fong soss näischt wëlle wéi et packen".

"Moies, Mëttes an Owes Musek": dat war an ass ëmmer nach dem Chris Maas säi Programm. Den Héichpunkt a senger Carrière – bis elo – ass d’Renconter mat Mumford & Sons. D’lescht Joer huet de Chris mat der britescher Band eng Welttournée an Ugrëff geholl, op där den neien Album “Wilder Mind” virgestallt gëtt.

Wéi kënnt ee mat enger bekannter Band zesummen?

Ëm Chrëschtdag 2014 ass de Lëtzebuerger vun enger Managementfirma kontaktéiert ginn, "ob ech interesséiert wär un engem Projet, si hu keen Numm gesot. Et gëtt esou eng gëlle Regel, dass de am Fong ëmmer solls 'jo' soen, ni en Engagement oflehnen". Freelance Musekerinstinkt.

Déi véier Jonge vun der Grupp hat hie scho kannt, d’Weeër hate sech scho gekräizt, ënnert anerem war de Batteur schonn emol mam Pianist vu Mumford zesummen an enger Band. Elo war de Chris Maas ee vu fënnef Batteuren, déi an der Auswiel ware fir mat op Welttournée. "Dat hei ass eng Band, wann déi en Album eraus bréngen, da weess de, dass de eng Campagne vun zwielef bis 18 Méint hues." An deem Beruff wier esou eppes sielen. "Normalerweis schaffen ech Mount zu Mount, mol eng Kéier zwee, dräi, véier Méint beieneen".

D’Liewen als Session-Museker

Besonnesch haart wieren Touren am Ufank vun enger Carrière, aus materielle Grënn, wann een nach wéineg Sue verdéngt oder op eege Käschte muss reesen. "Wat d'Tour ëmmer méi grouss gëtt, wat mäi Liewen ëmmer méi einfach gemaach gëtt". De Mann hannert der Batterie huet zum Beispill Recht op en Assistent, dee sech ëm säi Material bekëmmert. Eng 50 Leit sinn am ganzen ënnerwee, "eng richteg Firma, déi d'Land op an of fiert”. Zwar wier et net einfach, well ee vun der Famill an de Kollege fort ass. D'Tourequipe ass dann d'Ersatzfamill.

Bis Juni-Juli spillt de Chris Maas mat Mumford & Sons. An dann? "Da muss ech kucken, ween ech alles kenne geléiert hunn, wou eppes fräi gëtt, ween op Tour geet. Da muss ech erëm ufänken Auditiounen ze maachen... Do freeën ech mech am Fong elo net esou". De Beruff vum Session-Museker hätt seng Vir- an Nodeeler. Et spillt een ni fest an enger Band, bezuelt gëtt een op den Dag, fir Aarbecht ze fannen ass een op sech selwer ugewisen. De grousse Plus: d’Ofwiesselung am Musekstil. “Ech wollt mech ni limitéieren op ee Stil”.

An da gëtt et déi grouss Momenter. Zum Beispill 2011, wéi de Chris fir d’éischt um mythesche Glastonbury-Festival gespillt hat. Virun 180.000 Spectateuren? “A wann et der och just 100.000 oder 80.000 waren...”

D’France Ewen huet mam Chris Maas geschwat. Lauschtert den Interview:

Zweeten Deel vum Interview mam Chris Maas: