Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Star an der Klassik, duerch Youtube

Valentina Lisitsa

E Star an der Klassik, duerch Youtube

Quasi 200 Millioune Views op Youtube. Dat ass rekordverdächteg fir eng klassesch Pianistin. Iwwert hire Youtube-Channel gouf déi ukrainesch Pianistin Valentina Lisitsa, weltbekannt.

auto_stories

2 min

D'Valentina Lisitsa ass 1973 zu Kiev an der Ukraine gebuer a fänkt de Piano mat dräi Joer un. Dat Joer drop gëtt Si schonn hiren éischte Récital, a studéiert spéider am Conservatoire vu Kiev. 1991 gewënnt d'Pianistin de "Murray Dranoff Two Piano Competition", zesummen mam Alexei Kuznetsoff. E Präis den hir et erméiglecht eng Carrière ze starten, an zemools, huet Si sech gefreet konnten 1995 eng éischte Kéier an der bekannter Carnegie Hall vun New York, ze spillen.

Haut wier de Niveau vun de jonke Pianite sou héich, dat et schwéier wier, fir eleng iwwer Concerte bekannt ze ginn an eng international Carrière ze féieren. Et wier och schwéier e Vertrag mat engem seriöe Label ze kréien. Et géif vill Pianisten déi immens gutt sinn, déi drop op eng verstänneg Carrière kënnen ze maachen.

Vu Youtube zeréck an de Concertsall

No engem villverspriechende Start, fält dem Valentina Lisitsa hir Carrière zeréck. An esou entscheet si 2006, eng Videoopnam vun de 24 Étuden vum Chopin op Amazon ze proposéieren, mee och op Youtube eropzelueden. Den Erfolleg war phenomenal an hält nach ëmmer un. Haut stinn op hirem Kanal ronn 200 Vuen op hirem Youtube-Channel, vun diversen Opnamen, ze ziele sinn.

Si bräicht haut keng Reklamm méi. Youtube wier éischter eng Méiglechkeet pedagogesch virzegoen, fir en neie Publikum op d'Klassik hinzezéien.

Duerch Youtube, konnt d'Pianistin 2015 och an der Royal Albert Hall triumphéiren, an hir Carrière um internationale Plang relancéieren. Dat selwecht Joer konnt si e Kontrakt mam wichtege Klassiklabel Decca ënnerschreiwen.

De 17. Mee 2018 um aacht Auer, ass si mam Orchestre de Chambre du Luxembourg an der Philharmonie am groussen Auditoire opgetrueden.


Interview vum Manuel Ribeiro mam Valentina Lisitsa:

Lauschterenplay_arrow