Radioen

On air

Tockcity  |  Mount Kimbie & King Krule - Empty And Silent Feat. King Krule

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dusty Springfield - Dusty In Memphis

Viru 50 Joer

Dusty Springfield - Dusty In Memphis

Et gëtt Albumen, déi brauchen eng gewëssen Zäit fir ze wierken. Der Dusty Springfield hiren "Dusty in Memphis" kënnt am Mäerz 1969 op de Maart. D'Kritike sinn duerchaus positiv, mee de fënneften Album vun der englescher Sängerin verkeeft sech just mëttelméisseg, bei enger Plaz 99 an de Billboard Charts. Ronn 20 Joer méi spéit sollt dat sech änneren.

auto_stories

4 min

1988 gëtt "Dusty In Memphis" als CD nei opgeluecht. Dës Kéier a stereo, d'original Versioun war mono. An et schéngt, wéi wann d'Welt dunn eréischt géif op déi knapps 34 Minutte live-Musek opmierksam ginn. Jiddefalls leeft d'Vente op CD beschtens, am Laf vun de Jore komme weider Versioune mat dem üblechem Bonus-Material eraus, an och déi suergen dofir, datt deen ale 69er Album et nach e puer Mol kräfteg an der Keess rabbele léisst.

"Dusty In Memphis", en Album mat Spéitzündung souzesoen. Net alldeeglech ass och, datt de Release vun der Englännerin 32 Joer no senger Sortie (2001) esouguer nach emol fir e Grammy nominéiert gëtt - sécherlech och e spéiden Hommage un déi 1999 verstuerwe Musekerin, déi 1939 als Mary Isabel Catherine Bernadette O'Brien gebuer gouf.

Son of a Preacherman

Een Titel um Album fält speziell op: "Son of a Preacherman", deen an den USA an an England an d'Top Ten kënnt. Dobäi war deen am Ufank guer net fir d'Dusty Springfield geduecht. Geschriwwen a komponéiert gouf en 1968 fir déi schwaarz Soulsängerin Aretha Franklin. Déi huet en ofgelehnt, a sou ass e bei der Dusty Springfield gelant, där hir souleg Stëmm gutt bei d'Nummer passt.

D'Lidd gouf schonn 1970 an der Kategorie Best female vocals fir e Grammy nominéiert, allerdéngs ouni ze gewannen. Iwwregens huet d'Aretha Franklin den Titel dunn awer opgeholl, scho kuerz no der Sortie vun der Dusty-Versioun. Fir béid Interpretinne sollt et e Risesuccès ginn.

"Zesumme si mir staark"

Fir de Memphis-Album stellt Atlantic Records 1969 déi grouss Moyenen zur Verfügung: De renomméierten American Sound Studio, wou Topstare wéi Elvis Presley, Neil Diamond oder Aretha Franklin opgeholl hunn. Déi amerikanesch Begleetmuseker hu jorelaang Studioerfarung, als Backing vocals figuréiert de Fraequartett Sweet Inspiration, dee selwer an den Charts präsent ass. A Straicher- a Bléiserarrangementer rënnen dat Ganzt of.

Ee vun den dräi Produzenten ass den Jerry Wrexler, deen op Hiweis vun der Dusty Springfield och sollt ee vun hire Kolleegen, e gewëssenen John Paul Jones a seng Band ënner Kontrakt huelen. Fir de Wrexler e ganz lukrativen À côté vun Dusty In Memphis. Den Numm vun der Band war Led Zeppelin.

Wou kënnt de Succès hier?

Virop d'Stëmm vun der Dusty Springfield: waarm, souleg, lässeg, eng Grëtz hees, sënnlech ... un dëser Stëmm gëtt no Memphis nodréiglech am New Yorker Atlantic Studio de Fine tuning assuréiert. Hir Stëmm ka wuel net spektakulär no uewen oder ënne goen, mee si huet eng Zort onschëllege Charme, deem ee sech schwéier entzéie kann.

D'Lidder si kredibel virgedroen, si passe bei d'Interpretin. Déi meescht vun den zéng Titele sinn ëm dräi Minutte laang, dat versprécht Airplay um Radio. Et ass liichten an och emol liicht séisse Pop, soulgefierft a mat vill Orchester-Pathos verschafft. An dann déi grouss Komponistennimm, déi hiert Handwierk beherrschen: Burt Baccarach, Carole King, dee kierzlech verstuerwene Michel Legrand, oder och de Randy Newman, deemools 69 um Ufank vu senger Carrière.

"Dusty In Memphis" an d'Single "Son of a Preacherman" stellen d'Dusty Springfield an déi éischt Rei, och wann et mat de Ventë bei der Sortie nach net esou terribel klappt. Mee d'Stëmm iwwerzeegt, dofir daucht de "Preacherman" wuel 1994 och am Tarrantino sengem "Pulp Fiction" op, och d'Pet Shop Boys bewonneren d'Interpretin an huelen Enn den 80er mat hir op.

En haart Geschäft

Mee et ka relativ séier goen am Popgeschäft, an nodeems och den Nofolger vum Memphis-Album "A Brand New Me" sech net esou verkeeft ,wéi Atlantic sech dat virgestallt hat, gëtt de Plackekontrakt opgeléist. D'Sängerin verfält ëmmer méi engem ongesonden Liewensstil, mat alle Problemer déi Legales an Illegales esou mat sech bréngen.

D'Dusty Springfield rappelt sech trotzdeem ëmmer erëm op, gëtt och vun der Zeen ënnerstëtzt - bis de Kriibs gewënnt. D'Sängerin stierft den 2. Mäerz 1999 am Alter vu knapps 60 Joer. Hir d'Stëmm, déi faszinéiert nach haut.