Radioen

On air

Notturno  |  Sufjan Stevens - Mystery Of Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E batter-séisst Americana-Emo Wierk

Pinegrove - Marigold

E batter-séisst Americana-Emo Wierk

De Wanter ass nach net eriwwer, mee Pinegrove loossen dem Titel vun hirem neien Album no d'Fréijoer scho liicht opbléien. "Marigold", d'Calendula Blumm, ass allerdéngs net ëmmer mam Positive verbonnen. Déi nei Scheif ass e batter-séisst Americana-Emo Wierk.

auto_stories

3 min

Pinegrove ass mat eng vun den dynameschsten an agespillteste Formatiounen, déi een aktuell esou um Indie-Maart fënnt. Déi zwee Piliere vum aktuelle Sextett, de Frontman Evan Stephens Hall an de Batteur Zack Levine, kenne sech schonn zanter hirem fënnefte Liewensjoer.

Iwwer déi lescht 25 Joer an dräi Placken hu si eng rar musikalesch Partnerschaft entwéckelt. Op hirem véierte Wierk "Marigold" klénge si weiderhin äerdeg an direkt. De Sound ass allerdéngs liicht méi opgeschafft ginn.

Eng intim Plack

De Mix vun hirem leschten Album "Skylight" vun 2018 war iwwerdriwwen naturalistesch. D'Plack huet sech e bëssen unhéiere wéi eng réi Opnam am Proufsall, wat deem Ganzen eng frontal Intimitéit ginn huet.

Déi Kéier huet sech d'Band Zäit geholl fir d'Resultat méi Hi-fi ze gestalten. Déijéineg, déi de Virgänger wéinst der spartanescher Produktioun appreciéiert hunn, wäerten dofir awer net enttäuscht ginn. De Raum ass weiderhin e staarken Deel vum Sound a Pinegrove spillen nach ëmmer onwarscheinlech kohesiv zesummen. Déi réi Kraaft schléit sech och op "Marigold" ongefiltert duerch.

D'Konsequenze vun Trennung

Marigold, also déi bescheide Calendula Blumm, symboliséiert ënner anerem Trauer iwwer d'Enn vun enger Libesbezéiung. Déi existenziell Konsequenze vun Trennung sinn e Leitmotiv iwwer déi eelef Stécker.

Einfach an éierlech ausgedréckt kënnen d'Lyrics fir déi eng oder aner vläicht ze banal oder sentimental kléngen. Dem Frontman Evan Stephens Hall säi Stil ass op alle Fall net weider blummeg, heiansdo verfänkt hie sech emol a Platituden a schwätzt Saachen onschëlleg un.

Pinegrove ass eben eng Band, déi a Saachen Emotionalitéit an hirer Musek net kontaktschei ass. An der Lyrik grad wéi an de melancholeschen Harmonien, déi aus de Gittareverstäerker erausquëllen. Déi naiv Emotionalitéit ass awer net onproblematesch.

Ee Joer Auszäit

Am November 2017 huet den Evan Stephens Hall an engem kryptesche Facebook-Post ugekënnegt, datt Pinegrove ee Joer Auszäit géif huelen, nodeems hie vun enger Persoun wéinst sexueller Coercitioun beschëllegt gouf.

Dës Affär, déi rezent an engem Artikel vum New Yorker méi am Detail ausgeluecht gouf, hänkt natierlech wéi e Schiet iwwer der Band an ënnerschléit d'Bild vu Gemeinschaft, dat Pinegrove iwwer d'Jore gefleegt huet.

"Marigold" ass an deem Sënn e komplizéiert a vu Gefiller geluedent Wierk. Fir d'Museker grad wéi d'Nolauschterer. "Marigold" beschäftegt sech mat den Nowierkunge vun enger kniwweleger Situatioun. En éischte Versuch Vertrauen nees opzebauen.