Radioen

On air

Webinar  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Chouer fir jiddwereen

Online-Chouer

E Chouer fir jiddwereen

Déi zweet Editioun vum Online-Chouer vum INECC a vum 100,7 ass ofgeschloss. Ronn 50 Leit hunn dofir hir Videoen erageschéckt. Den Zesummeschnëtt an den Detail iwwer déi drëtt Editioun fannt Dir hei.

auto_stories

2 min

Mat engem Stëmmungslidd iwwer d'Gesellegkeet an d'Drénke wollt den Dirigent Marc Dostert de Participante vum Online-Chouer an den Zäite vum Corona eng Freed maachen.

Bei dëser zweeter Editioun hu ronn 50 Sängerinnen a Sänger matgemaach, déi sech eenzel bei sech doheem gefilmt an hire Clip erageschéckt hunn. Um Programm steet "Tourdion", e Lidd aus dem 16. Joerhonnert, dat dem Pierre Attaignant zougeschriwwe gëtt.

Drëtt Editioun mam Jeff Mack

Gläichzäiteg mat der Publikatioun vum Video vun der zweeter Editioun, lancéieren den 100,7 an den INECC den Opruff un all Interesséierte fir déi drëtt Editioun. Den Trompettist a Sänger Jeff Mack dirigéiert dës nei Editioun vum Lëtzebuerger Online-Chouer. Als Stéck proposéiert hien en eegent Arrangement vum bekannte Lidd "Down by the Salley Gardens". U sech wier et schonn e ganz aalt Lidd dat e bëssen aus der englesch-irescher Mythologie géif kommen, seet de Jeff Mack. Iwwer en anere Sänger wier hien dorop opmierksam ginn:

"Ech sinn iwwer den Andreas Scholl op dëst Lidd gestouss. Den Andreas Scholl huet dat als éischte Countertenor op der Night of the Proms gesongen. An dat huet mech esou faszinéiert, datt mech dat Lidd elo schonn iwwer déi lescht zéng Joer begleet."

Jeff Mack (Foto: Archiv)

Lauschtert den Interview mam Jeff Mack hei.play_arrow

Wéi matmaachen?

De Lëtzebuerger Online-Chouer ass op fir jiddwereen. Fir ze matzemaache ginn dräi einfach Schrëtt duer: Umellen, ophuelen an eraschécken. Nodeems ee sech iwwer d'E-Mail-Adress info@inecc.lu ugemellt huet, kritt een en techneschen How-To, d'Nouten an e Playback-Video geschéckt. Op dësem Video gesäit een de Jeff Mack dirigéieren an et héiert een d'Lidd "Down by the Salley Gardens". Wann een d'Nouten e bësse geüübt huet, filmt ee sech mam Smartphone, wärend ee synchron mam Playback-Video matséngt. Als lescht schéckt een den eegene Video dann un den INECC.

Nodeems all d'Videoen erageschéckt goufen, gi se zu engem eenzegen zesummegeschnidden an d'Stëmme vun engem professionellen Tounmeeschter gemixt. Zum Schluss gëtt béides nees zesummegeféiert an d'Resultat online gestallt.