Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Gospel Emcee - Je Te Poursuivrai

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E faarwege Projet virum Konzeptalbum

Tuys sinn (endlech) nees do

E faarwege Projet virum Konzeptalbum

"A Curtain Call for Dreamers" heescht den EP vun Tuys, deen a fënnef Deeler erauskënnt. D'Indie Rock Band erfënnt sech nei: Mat Pop, Synths an Understatement. Mat dëser Sammlung vu Singles wëllen Tuys agoen op d'Lauschtergewunnechte vun 2020.

auto_stories

2 min

"Papaya" ass den éischte Song vun Tuys zanter dem Debutalbum vun 2018. Et ass den Optakt vun enger Sammlung vu Lidder, déi iwwer d'Joer verdeelt sollen erauskommen.

"Et geet eis ëm d'Aart a Weis, wéi Musek konsuméiert gëtt", seet den Tun Biever, dee bei Tuys séngt a Gittar a Synthesizer spillt. Albume sinn an Zäite vu Spotify-Playlisten net méi sou en Thema. Mat der Release vun hirem Debut-Album "Swimming Youth" hätte si 2018 schlecht Erfarunge gemaach. "Dat ass ze schnell verpufft."

Wéi vill Käch verdréit eng Zopp?

Dës Kéier wéilt een all Song méi Fokus ginn. Dofir huet d'Band mat bis zu dräi verschiddene Produzente pro Song zesummegeschafft. Dorënner den Tun Tonnar, de Jan Kerscher, de Charel Stoltz, de Christophe Becker an de Max Hochmuth. Et hätt ee wéilte vun deem Projet léieren, seet den Tun.

Koherenz wier e Schwaachpunkt vum Wierk, seet den Tun Biever. "Mir si selwer och Fan vu Gesamtidentitéiten, an et huet och deelweis wéigedoen, dat hei ze maachen." Elo wou dëse Projet fäerdeg wier, hätt d'Band grad ugefaangen (an der Quarantän) e Konzeptalbum ze schreiwen.

Iwwerspëtzt autobiographesch

D'Koherenz vun der neier Serie kéim iwwer d'Videoen. Ee roude Fuedem wier, datt d'Museker selwer d'Haaptpersonnage selwer géife spillen, seet den Tun. "D'Videoe sinn d'surrealistesch Interpretatioune vun oft biografesche Konzepter."

De Video zu Papaya gouf vum Bassist Yann Gengler an der Sade Cumeni realiséiert. Et wier eng Satir op Libeslidder, awer et schwéngt och Kritik mat. Och Selbstkritik. De Video erzielt vun engem Mann, deen et mam Flirten ze wäit dreift. Dee gëtt vum Yann Gengler selwer gespillt. "Mir hunn alleguer an eisem Liewe genuch Feeler gemaach. Sech deem bewosst ze sinn an e Song doriwwer ze schreiwen huet mir och gehollef eng Positioun anzehuelen."


Dat integraalt Gespréich vum Yves Stephany mat Tuys (iwwer Videokonferenz, an der Quarantän):

Lauschterenplay_arrow