Den David Ianni spillt am Funiculaire E Piano op der Rees
12 Stied stinn um Itinéraire vum David Ianni, dee mat sengem Projet "My Urban Piano" uechter ganz Europa reest.

Zanter engem gudde Joer ass de Pianist a Komponist ënnerwee a verzielt op all Etapp eng aner musikalesch Geschicht. Den David Ianni mécht Halt zu Lëtzebuerg - dës Kéier allerdéngs net matten an der Stad, mee op enger spezieller, spektakulärer Plaz - am Funiculaire tëscht dem Pafendall an dem Kierchbierg.
Den David Ianni ass Invité an der Musikalescher Visittekaart, e Sonndeg den 29. Abrëll an dono an der Mediathéik.