Zanter e puer Deeg huet de radio 100,7 e Piano am grousse Studio stoen. D'Instrument vu Pianos Kleber gëtt den 30. September um 25. Anniversaire vum radio 100,7 vun de Pianistinne Sabine Weyer a Françoise Tonteling mat zwee Live-Concerten ageweit.
Mir ware beim Transport vum Piano dobäi an hunn eis d'Instrument vum Franck Hanlet, dem Patron vu Pianos Kleber, erkläre gelooss.