Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Joshua Redman, Brad Mehldau, Christian McBride & Brian Blade - Moe Honk

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E poeteschen Debut

Nas - Illmatic

E poeteschen Debut

Dem Nas säin Debut "Illmatic" feiert dëse Mound 25 Joer. Dëse gëtt dacks als dee beschten Hip-Hop Album aus den 90er zitéiert. Jazz-Loops a simpel Beats komplimentéieren déi poetesch a fléissend Gedankestréim iwwer d'Liewen am Ghetto. "Illmatic" ass eisen Déjà-Vu Album vun der Woch, presentéiert vum Jamie Reinert.

auto_stories

5 min

New York. Abrëll 1994. De Kurt Cobain ass d'lescht Woch gestuerwen. De Genozide am Rwanda huet ugefaangen. "Pulp Fiction" kënnt an engem Mound eraus an en 20-Joer ale Rapper vun New York presentéiert säin Debut. "Illmatic" vum Nas ass en Zäitdokument.

Um Opener "The Genesis" héiert ee metallesch Téin vun engem Zuch, souwéi divers Sampelen aus Tëleessendunge bis hin zu huele funkege Basstéin. Eng liicht kakophonesch Introduktioun, déi den Toun fir den Album setzt. Dem Nas säin New York musikalesch materialiséiert.

"Illmatic" ass e Wierk vun engem Lyriker, dee poetesch a fléissend Gedankestréim iwwer d'Liewen am Ghetto liwwert. Elo net déi klassesch, dacks iwwerhieflech Zort vu Poesie, mee eng déi direkt aus dem Bauch kënnt. Ouni Filter. Vun der Long op d'Zong.

Den éischten Titel op "Illmatic" ass "N.Y. State of Mind". Zesummegesat aus engem Piano Bass Motiv, engem labbere Beat an engem liichte Pianosakkord, deen zum Schluss vum Takt Akzenter setzt.

1994 war och d'Joer, wou "Friends" fir d'éischt op den amerikaneschen Tëleeë gelaf ass. Mee New York vum Rachel, Phoebe, Chandler, Joey a Co huet net der Realitéit vum Nas erëmgespigelt. Géigeniwwer de gemittlechen a léiwe Wunnenge vun der "Friends"-Equipe ass de Rapper an engem triste Wunnengsbau a Queens opgewuess. De sougenannten Queensbridge Projects oder einfach The Bridge genannt. E Wunnkomplex, wou aner Hip-Hop Kënschtler, wéi den MC Shan oder Craig G. och hierkommen.

De 14. September 1973 ass hien als Nasir Jones op d'Welt komm. Seng Mamm huet fir d'Post geschafft, a säi Papp war en Jazz Museker, dee mam Cassandra Wilson bis zum James Blood Ulmer collaboréiert huet.

Mat 13/14 Joer huet den Nas mat der Schoul opgehalen. D'Stroossekultur ass ëm méi kënneg ginn a säin deemolegen Noper huet him d'Welt vum Hip-Hop un Hand vun diverse Placke virgestallt.

Ee vun de lässegsten Tracks op "Illmatic" ass "Life's a Bitch". En Old-School Klassiker iwwer Frick, Muecht a Jugend. Opgebaut op engem Sample vun der Gap Band hirem "Yearning For Your Love" vun 1980. An dem Nas säi Papp, den Olu Dara héiert een zum Schluss vum Lidd um Kornett.

Den Nas hat 19 Joer, wéi hie bei Columbia Records e Kontrakt ënnerschriwwen huet. Am Underground Circuit vun New York hat hie sech en Numm gemaach. Dowéinst war et och net schwéier, interesséiert Produzente fir säin Debut ze fannen.

Op "Illmatic" héiert een d'Symbios tëschent dem Rapper a senge Produzenten. Virop den DJ Premier, dee fir säin Talent um Mëschpult, seng originell Samples a Scratch Technik bekannt ass. Véier weider grouss Nimm a Saachen East Coast Hip-Hop hunn nach um Album geschafft. De Large Professor, Pete Rock, Q-Tip a L.E.S. Zesumme hu si mat hiren einfachen éierleche Beats a Samples eng zolidd Basis fir dem Nas säi Rap geschaf. Funk, Soul an Jazz aus de 70er, d'Musek déi di viregt Generatioun an hirer Jugend gelauschtert huet, gëtt zu Recht geschnidden, modifiéiert a gemixt.

Dem DJ Premier seng Aarbecht kënnt gutt um Stéck "Memory Lane (Sittin' in da Park)" ervir. All Element huet seng Plaz. 't ass simpel an effikass. Grad wéi d'Musek gëtt den Nas och a senge Lyrics nostalgesch. Al an nei stoussen op "Illmatic" openeen.

2012 sot de Nas an engem NPR-Interview, datt et fir hien ufanks den 90er net drëms gaangen ass, e Rap-Star ze ginn, mee fir seng Experienzen, d'Liewen als Afro-amerikaneschen Teenager an der Groussstad ze dokumentéieren. Wéi d'Stroosse sech ufillen, richen, esouguer schmaachen. New York ufanks den 90er.

Dem Nas seng rau Hip-Hip Stécker hunn och eppes vun enger Stad. Se hunn d'Symmetrie, d'Widderhuelung vun de Stroossen, se wuessen organesch auserneen an entwéckele sech unhand vun de verschiddenste Formen, Strukturen a Materialien. An emotionell gëtt och villes ofgedeckt. Déi gutt a schlecht Momenter, mol philosophesch ausgeluecht, oder och einfach am Bretzen ausgedréckt.

Op "Illmatic" daucht een an dem Nas seng Jugend zu Queensbridge. Déi verschidde Personnagen, verstuerwe Kolleegen, Drogendealer, Nopere ginn unhand vun der Sprooch vun der Strooss, dem Street Slang beschriwwen. Impressioune vun Aarmut, Gewalt an Drogen, a wéi de Protagonist sech an esou enger Welt assuméieren an duerchsetze kann.

D'Stéck "One Love (featuring Q-Tip)" besteet ass enger Reiefolleg vu Bréiwer. Bréiwer déi den Nas u Kolleegen am Prisong adresséiert.

"Illmatic" huet sech ufanks net esou verkaf, wéi erwënscht. Columbia Records hat sech vill méi vum jonke Rapper sengem Debut erwaart. Dat gesot ass den Album déi éischt Woch 60.000 mol verkaaft ginn. Iwwer d'Joren huet sech "Illmatic" awer als Meilestee vum East Coast Hip-Hop bewisen. Deemools waren d'Hip-Hop Charts vu West Coast Rapper, wéi den Dr. Dre, Snoop Dogg, Ice T oder Tupac Shakur dominéiert. Den Nas huet gehollef New York erëm op d'Kaart ze setzen. E Sound ze vertrieden, dee méi rau an aggressiv am Verglach mat West Küst war.

Um Cover vun "Illmatic" gesäit een eng Foto vum Rapper, wou hie siwe Joer hat. Deemools hätt hien ugefaangen d'Welt mat engem anere Bléck ze betruechten. Manner ageschränkt vu sengem precaire Milieu, méi oppe géigeniwwer der Welt an optimistesch. Den Titel "The World Is Yours" gëtt dës perséinlech Entwécklung erëm.

Dem Nas säin éischten Album bleift ëmmer nach säi beschten. Deen, un deem all déi aner gemooss ginn. An ni esou richteg dru kommen. "Illmatic" huet e besonnesche Moment am Nas sengem Liewe festgehalen a frësche Wand an d'Hip-Hop Zeen bruecht.