Radioen

On air

De Moien  |  Bill Withers - Lovely Day

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E schéinen Duercherneen

Album vun der Woch

E schéinen Duercherneen

"Coast 2 Coast" huet den Duo Pearl & the Oysters (alias Juliette Pearl Davis a Joachim Polacheck) säin neien, véierten Album genannt, an deen Titel ass duerchaus wuertwiertlech ze huelen.

auto_stories

3 min

Wärend der Aarbecht un der Plack sinn déi zwee Museker nämlech vu Florida a Kalifornie geplënnert. Méi Küst kann ee sech kaum wënschen. A genee esou sonneg kléngt och hir Musek. Mat Referenzen op d'Beach Boys, de brasilianesche Bossa Nova an Easy Listening, awer och op Pop, Prog a Psychedelic.

Paräis an dat musikalescht Doheem

Dobäi komme Pearl & the Oysters ursprénglech aus enger Stad, an där Küst a Sonn méi rar Artikele sinn, an zwar aus Paräis. Virun e puer Joer hu si decidéiert auszewanderen, well si d'Gefill haten, datt hir Musek an déi aktuell franséisch Zeen net esou richteg eragepasst huet.

D'Juliette Pearl Davis an de Joachim Polacheck haten dat grousst Gléck an engem Elterenhaus opzewuessen, an deem vill Musek gelauschtert a gespillt gouf. Der Juliette Pearl Davis hire Papp ass Vibraphonist an iwweregens och um neien Album ze héieren. Si selwer huet klassesche Piano an Trompett geléiert an zu Paräis um Conservatoire Jazz Gesang studéiert.

Och de Joachim Polack huet eng klassesch Formatioun als Violonist. Vu Bill Evans iwwer Bach an d'Beatles bis bei - natierlech - d'Beach Boys, gouf et Doheem e Plackeschaf an deem et fir e Kand onendlech vill ze entdecke gouf.

Lidder mat ville Referenzen

Dofir ass d'Musek vu Pearl & the Oysters beim zweete Lauschteren och guer net onbedéngt esou einfach a liicht wéi et schéngt, oder wéi et deen extra faarwege Cover versprécht, deem seng Ästhetik un zwou Kultserien aus den 1980 erënnert, an zwar "Miami Vice" a "Magnum".

An den eelef Titele vu "Coast 2 Coast" - plus zwee kleng Instrumentals - verstoppen sech immens vill Referenzen, déi sech Couche fir Couche iwwertenee leeën, bis dat wat esou lëfteg ufänkt um Enn komplex a konzentréiert ass. Wéi zum Beispill am Stéck "Read the Room", wou Bach, Status Quo a Videospill-Sounds sech op ganz klengem Raum begéinen.

An engem Interview hunn Davis a Polack selwer vun engem "Hodgepodge" geschwat, also engem Mischmasch, oder méi oncharmant formuléiert: engem groussen Duercherneen. Ee "schéinen Duercherneen" wier och passend, well wat d'Musek vu Pearl & the Oysters auszeechent ass, datt de grousse Räichtum un Iddien kombinéiert gëtt mat engem waarme Sound, dee live a lieweg kléngt